Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Google+ (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1805)


Geschrieben von Metalbambi am 31.07.2011 um 18:22:

  Google+

Salut alleguer,
Google huet jo virun kuerzem hiert eegent neit Social Network virgestallt, Google+, an ech hu mech schon laang gefrot op dat iwwerhaapt bei den Leit ukënnt. Am Moment ass jo bal jiddereen bei Facebook, et missten also vill User wiesselen, oder op mannst 2spuerech fueren vir dat Google+ funktionéieren kann.
Mengt der d'géif sech duerchsetzen, oder wäert Facebook weiderhin den King bleiwen an Google just en klengt Nischeprodukt? Huet iwwerhaapt schon een drun geduecht sech do unzemellen? (Umellen geet am Moment nach net well se eng Testphase mat enger begrenzter Benotzerzuel maachen)

Mat beschten Gréiss!



Geschrieben von DDave am 31.07.2011 um 18:43:

  RE: Google+

Salut,
Ech hunn et kuerz ausprobéiert, et gesäit nawell zimlech flott aus mat deenen Circles an den Hangouts. Den System ob Facebook fir verschiden Gruppen mat verschidenen Rechter anzestellen as zimlech komplizéiert.

Ech weess awer net ob fill Leit eriwerwiesselen wäerten, ech kennen der zimlech fill denen Google net hier Daten wëllen ginn (esou wait wei meiglech) villäicht ännert sech dat jo wann Facebook erem komesch nei Funktionaliteiten implementeiert. (zB hier Android-App well Rechter fier SMS'en ze liesen...dat fannen ech ee bëssen iwerdriwen)

(Wann iergendeen en invite well, einfach eng Privat-Nooricht mat der Email-adress schecken)



Geschrieben von mmphotos am 31.07.2011 um 19:14:

  RE: Google+

Ech sin och lo schon Seit 2/3 Wochen drop, an perseinlech gefällt et mier vun der ganzer Ergonomie, an der Art a weis wei een saachen Post ganz gudd! Ob vill Leit et benotzen wärten, ech wees et eierlech net. Ech wärt mech awer mei wei secher luas a lues vun Facebook zreckzeien.

Wann een Invites well, einfach seng gmail Adress per PN oder Mail schecken an dier kritt een Invite smile



Geschrieben von Johny am 01.08.2011 um 09:57:

 

Si schonn eng gutt Zäit drop elo an ech fille mech wuel well et am Moment quasi "freaks ënnert sech" ass großes Grinsen



Geschrieben von m-otiv am 01.08.2011 um 12:24:

 

Ech sin begééschtert....circles an d'integratioun vun Picasa sin einfach top...
Endlech sin fotoen presentabel



Geschrieben von JG am 04.08.2011 um 19:48:

  RE: Google+

Salut mmphotos,

wollt mech och beim Google+ unmellen. wanns du mer äng invite op jgb@internet.lu schecken wéils dann probéieren ech déi Geschicht emol aus.

Am viirausser én Merci

John



Geschrieben von VeloBen am 04.08.2011 um 20:01:

  RE: Google+

Ech faerten gans du brauchs eng adresse bei gmail? Oder ?



Geschrieben von Schlimpitz am 05.08.2011 um 09:44:

 

also ops de deng daten lo facebook gess oder google ass an der regel relative egal smile

Google geet mat secherheet mei sensible mat dengen daten em wei facebook smile

eppes guddes bei g+ ass schon mol dass de do keng dämlech invites kriss iergendwelch bescheuert spiller oder soss eppes.



Geschrieben von Metalbambi am 05.08.2011 um 16:53:

 

Dat kann sech alles nach änneren, se sinn jo réischt an der Testphase... großes Grinsen



Geschrieben von ZachOry am 06.08.2011 um 07:51:

 

Hun daat dooten mol na neet matkriit, hun kurz rageluust an et klengt wirklech net su schlecht. Ausserdem denken ech ma o dass google besser mat den donnee'en vun eis all emgeet/waert emgoen wei fb et mescht...

Hot een eng invite falls et rem geet? Meng email adress: zachrocha1985@hotmail.com

Lg



Geschrieben von mmphotos am 06.08.2011 um 15:35:

  RE: Google+

Zitat:
Original von mmphotos
Wann een Invites well, einfach seng GMAIL Adress per PN oder Mail schecken an dier kritt een Invite smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH