Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Op Foto Opmierksam man (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=673)
Geschrieben von Gaga am 19.10.2009 um 10:36:
ech wees net, mais ech fannen dat et dei läscht zeit (also +/- 1woch) am groussen ganzen ällen roueg gin as mat den Kommentaren !
an wou mer schon derfun schwätzen, et sin emmer mei leit dei mol naischt bei hier eegen Fotoen schreiwen .... traureg !
Eis Gesellschaft/ verfällt an eng "Schriftlosigkeit"!
Geschrieben von deBaemm am 19.10.2009 um 17:20:
meng gedanken, deng wierder
du schwetz mer aus dem härz!
Geschrieben von deBaemm am 19.10.2009 um 22:07:
à propos opmierksam man:
lamaisondesschtroumpfs
what 'bout this one?
Geschrieben von Poly am 20.10.2009 um 00:29:
Denke mir dat d'Ursach ass dat souwisou bal ëmmer déi selwecht Leit posten an kommentéieren, oder läit villäicht drun dat en op lëtz(soll beileiwen kee Virworf sinn bien au contraire) ass, so dat en iergendwéi national bleift, an sou grouss si mer jo och net oder?, sou dat et e Club bleift, an wéi an ville Clibb e beemol den Interessi e bëssi noléisst, oder engem et zumindest esou virkënnt oder?????
Geschrieben von Gaga am 20.10.2009 um 09:30:
jo, bein den problem as wuel och dat t'leit verschidden usichten hun fierwaat Photogen gut as .... hmm, ech wees net ech gesin et eben als austauschplatform ! net asl host oder als galerie ... ech sin hei fier mat aaneren leit mehnungen auszetauschen .....
ech wees net op et t'Leit steiert dat ech och oft kritiseieren bei den Fotoen, mais ech denken mer emmer dat een mat "jo flott" net fill zur verbesserung beidreit ! Also Kritik soll konstructif sin, mais ech denken dat all mensch t'recht huet ze kritiseieren an deem senn dat en seng mehnung kann soen ! daat as zwar ememr affaire de goût, mais ech well och wessen op epes bei fillen leit ukennt, oder nemmen bei ganz weinegen !
do kommen mer dann och zum sujet Kommentar fum Fotograph !
Ech fannen et get fill ze weineg erklärt hei um site wei eng foto entsteht ! wann elo jiddereen alles fier sech well behaalen, fierwaat sin mer dann hei ?
kloer, et brauch jo keen elo en kompletten workflow hei ze posten, resp. dei exakt werter fun den Layeren, mais e bessen technescht kann een deenen aaneren jo erklà ren !
do kennt mer an den kapp dat ech deslescht gesoot kritt hun , ech soen der wou ech dei foto gemach hun, wanns du emr och eng cool plaatz sees !!!! bon, hun eben gesoot ausser Terres Rouges an CT wor ech nach neierens, op eng äntwert warden ech nach haut !?!
dat een daat net an t'zeitung schreift wou eng cool location as verstin ech, mais bon ... daat sin esou sachen wou ech emmer e bessen schmunzelen muss !
Ech denken mer emmer et as dach flott seng interessen mat aaneren ze deelen ....
mais bon, eis Welt as eben emmer mei Egozentrech !
Geschrieben von xaph32 am 20.10.2009 um 09:36:
zu den comments gët et och nach aaner saachen ze soen...
ech kommentéiren fotoen déi aus iergentwelchen ursachen interessant sin, dat heescht nët dass se mussen perfekt sin. lo ass et awer och sou dass verschidden sujeten sëch widderhuelen, wat och nach keen problem ass, soubal iergent een neien input dran ass. wann awer naischt neies méi dran ass, wat soll een dann nach grouss soen?
dat zweet ass, wann een kommentarer kritt déi engem nët gefaalen, an et äntwert een nët op déi eng oder aaner art an weis, dann muss een sëch och nët wonneren wann een keng méi kritt, allerdëngs heescht dat nët dass een sëch muss "frech kritiken gefaalen" loossen.
iwregen considéréiren ech fir mëch selwer dass keen kommentar och kommentar ass... well
1) langweilëch welll schon do
2) einfach nët gutt
3) ënnergaang well vill uploads, ass awer éischter ganz selten
4) dat ass dem gloda geschitt matt senger serie vun den beruffer (meng interpretatioun), bei der leschter war einfach alles gesot, et wier vlait besser gewiercht déi ganz serie och als serie ropzelueden
an sou engem fall läschen ëch meng foto an probéiren et besser ze maan
@ gaga: déi meescht techniken fënns de an bicher oder zeitungen, dat ass keen geheimnis
Geschrieben von Gaga am 20.10.2009 um 14:05:
jo, am fong as daat och erem alles adg !
mais trotzdem well jo jiddereen en feedback fun sengen Fotoen, daat heescht, selwer kommentarer schreiwen, fier der och ze kreien !
wann jiddereen kommentarer schreift, bleifft och kaum nach eng foto iwreg dei keen kritt !
also huelen mer eis daat emol all zu Härz !
Geschrieben von Alko am 21.11.2009 um 15:59:
Hun och sou eng foto, dei mir perseinlesch ganz gudd gefällt mee leider keen Kommentar kruut! Geiff mech och interesseiaren woudrunner daat lait! Wei den Gloda schons bei senger foto gefroot haat: ass se ze langweileg oder waat stemmt net!? Wier frou eppes ze heiaren, egaal wei vernichtend et ass! :-)
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=36582
Geschrieben von Sicho am 31.07.2010 um 11:44:
ech kruut leider net besonnesch vill Feedback op des Foto, well et awer am Fong main eischten richtegen Versich vun engem Panorama woor, wier ech frou fiir puer Rootschléi, Kritiken asw.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=47470
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH