Thema: F-Stop / T-Stop / Light Loss |
|
Wéi deen een oder anere weess gëtt et net nëmmen F-Stops mee och T-Stops, de reelle Wäert.
Dëst ass bësse méi en technescht Thema zu dem ech en interessanten Artikel fonnt hunn.
Click
|
|
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait |
|
Also Dauerliicht huet de Virdeel, dass de kanns scharfstellen och bei schlechter Lucht. Et wert awer wuel net esou hell si wéi e Blëtz.
TTL ass jo usech praktesch, mee wanns de op der Kamera am M-Modus bass, kanns de och um Blëtz am M-Modus schaffen.
Ech hun nach keng Marco Fotoen gemaach mat Blëtz, ech wees awer, dass een oft net vill Plaatz huet fir grouss Blëtzen.
Ech hu fir Portäiten desen Opsaatz, ass awer definitiv fir 99,9% vun de Macro Fotoen ze grouss :-)
|
|
Thema: Fotoën vun vergaangenen Meetings |
|
Jo hat mer och besse méi Entwerten erwart.
Kommentarer pro Meeting fannen ech scho mol gutt.
Well am Kommentar kann ee jo dann och eng Foto verlinken.
Mengen méi brauch een dann och net.
|
|
Thema: Fotoën vun vergaangenen Meetings |
|
Ech géing et interessant fanne wann ee kéint Kommentare bei d'Fotoe vun de Meetinge schreiwen.
1. sinn oft flott Fotoen dobäi zu deenen deen een oder anere wéilt eppes soen
2. déi Leit déi um Meeting ware kéinten nach dat eent oder anert iwwert den Event bzw. zu enger Foto erzielen
|
|
Thema: en neit Objektiv & Stativ |
|
@ VeloBen: Wee well da schon en Verwackelmechanismus??
Ech fannen en Anti-Verwackelmechanismus vill méi interessant.
Pardon, mee dat huet elo misse sin
Mee zum Thema:
De Metalbambi huet schon dat meecht gesoot wat muss gesoot gin.
Ech wollt just nach eppes zum Makro soen.
D'Fro ass jo, ab wéini ass et Makro 0.2x, 0.3x oder 1x Vergréisserung (bzw. 1:1)?
Mam MP-E65 kann een souguer vun 1x-5x Vergréisserung wielen.
Et kennt och op d'Gréisst un vun dengem Sujet.
Hei ass e Beispill vun enger AA Batterie bei 0.54x Vergréisserung.
Fir mech ass dat nach kee Makro, mee dat ass schon méi wéi déi meecht Standard Objkektiver kennen wann se da Makro kennen. Meecht geet et net iwer 0.3x eraus.
Also villeicht ass Makro um Standard Objektiv net wichteg, well een dofir e richtegt Makro Objektiv helt mat mindestens 1x Vergréisserung.
Ech fannen e Makro Objektiv soll och net ennert 100mm sin, wéint der Verzerrung wann een no un de Sujet geet.
Voilà , epuer Gedanken vu mir.
|
|
Thema: Canon TS-E 24mm f/3.5 L II Tilt-Shift Lens |
|
@ Suraki: (Zitat :"17mm ass relativ speziell")
Waat ass dann den Enerscheed teschend dem 17mm an 24mm ausser der Brennwäit an, dass een op dem 17mm keen Filter a keng Sonneblend ka benotzen?
|
|
Thema: http://www.pixmania-pro.lu |
|
Amazon.de schéckt och Elektronik-Saachen op Lëtzebuerg. An da spuers de och nach déi 4 % Differenz vun der TVA. Bei Amazon.co.uk hun ech et nach net probéiert.
|
|
Thema: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
All Mark déi Objektiver fir Nikon mecht kanns de fir Nikon Geheiser benotzen.
Pass just op DX an FX op. Mee bei enger D300 as dat usech egal.
Wat z.B. schon flott wir, wir en Nikkor 300mm f/4D ED IF AF-S.
Dat kascht e gutt Stéck manner wéi en AF-S 70-200mm 1:2,8G ED VR II huet awer schon 1 Blend méi wéi dain 18-200 an du erweiders dain Brennwäitenbereich well 70-200 hues de jo scho ganz am 18-200.
Weis äis dach mol eng Foto w.e.g. Et as menger Meenung no méi wichteg ze wessen wéi een sech muss uleen, wéi, dass een dat optimalt Equipment huet.
|
|
Thema: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
Weis äis mol eng vun deenen onscharfen Fotoen. Am beschten mat EXIF-Donnéen.
En 18-200 as net onbedengt dat richtegt Objektiv, schon eleng wéint der Blend 5.6 bei 200mm. Wann do keen sonnegen Dag as bzw. du bas an enger Haal, dann hues de schon e Problem fir kurz Beliichtungszaiten ze kréien. Dat heecht du kanns dann de Sportler hier Bewegungen net afréieren.
Dofir as dann en Objektiv mat Blend 2.8 scho vill wert. Do kanns de deng Beliichtungszäit bei der selwechter Lucht a selwechtem ISO 4x méi kurz wielen.
Wat och wichteg ass, ass, dass de der Gedanken mes wat de Fotoapparat mecht fir scharfzestellen. Ech wees net wéieng Nikon's de elo hues, mee do kanns de dain Autofocus normalerweis op S,C, oder M astellen.
z.B. bewegt de Sujet sech op dech duer, oder vun der eweg muss jo jo usech dauernd nei scharfgestallt gin soss bewegt en sech jo aus der Ebene eraus wous de scharf gestallt hues an der Zait teschend scharfstellen an Foto-machen. Dofir wiels de dann "C", dat steht wir continuous (kontinuéierlech).
Déi Astellung geht och fir de Fall wou en sech vu lenks no riets duerch d'Bild bewegt, mee du muss eben mam AF-Punkt emmer op dem Sujet bleiwen. Kanns also net drop scharstellen an dann d'Foto kadréieren.
M (manual) kann awer och ganz nëtzlech sin.
Beispill bei engem Hürdenleefer. Du stells einfach ob déi Hürd scharf wous de den Leefer wells fotograféieren, a genau an dem Moment wou en do driwer sprengt mess de deng Foto. Wann deng Beliichtungszait kurz genuch agestalt war kriss de secher eng schaarf Foto.
Mee weis äis wirklech mol eng vun deene Fotoen déi naicht gi sin.
|
|
Thema: Sigma 300-800 |
|
Ech kann hei leider naicht zum Objektiv soen, wir awer och mol ganz stark und epuer Test Biller interesséiert.
@ Focus: Falls de dese Thread lies, kann de eis jo vielleicht bessen eppes erzielen. Ener anerem, verkeefs de nach emmer dain Sigma 300-800 5.6 ?
|
|
Thema: Fotoentwécklung |
|
Salut,
ech hun nach net vill Fotoen entwécklen geloss. Ech hun awer emmer de selwechten Problem.
Et as zevill Schwarz drann. Et as zwar esou, dass ech och um Diagramm gesin, dass vill schwarz dran as, mee ech wollt dat och esou donkel hun. Et kann een zwar nach baal all Grostufen enerscheeden awer se schengen méi no beieneen ze leien an dat mecht d'Foto bessen donkel an de Schieter an esou. Dobei kréien ech oft vu Leit gesoot meng Fotoen wiren relativ hell bearbecht, mee do as keen Problem, naicht as ausgefriess op den Entwécklungen an den hellen Bereicher, genau wéi op mengem Bildschirm.
Main Bildschirm as kalibréiert an ech bearbechten meng Fotoen am PS a speicheren se am Farwraum sRGB.
Ech hun d'Foto bei Foto.lu entwécklen geloss.
Sou elo froen ech mech, kann et sin, dass een fir eng Entwécklung muss bessen schwarz eraus huelen?
|
|
Thema: Op Foto Opmierksam man |
BlueRic
Antworten: |
167 |
Hits: |
683.453 |
|
|
Ech hat d'Foto gesin, an ech fannen se as technesch ganz gutt.
Ech hu probéiert eraus ze fannen firwat ech naicht geschriwen hun, mee ausser, dass ech net m-otivéiert
war, fällt mer naicht an.
Ech war mol de link www.view.de kucken, mee do steht:
www.view.de
Diese Webpräsenz befindet sich noch im Aufbau.
Bitte versuchen Sie es zu einem späteren Zeitpunkt noch einmal.
This site is currently under construction.
Please try again later.
|
|
Thema: Antonov An-124 |
|
Dat heecht lanscht de Besch réid elo keen un?
Ech wollt schon emmer emol eran, mee ech mengen do get et keng Méigerlechkeet?
Hannert (oder quasi op) der Bréck do hätt een eng super Vue.
Ech soen mol merci. Ajo en flott HP (De KLICK MECH Link).
|
|
Thema: Antonov An-124 |
|
Wou sin dann déi beschten Plaatzen fir Start an Landung flott drop ze kréien?
Et as net esou wéi wann ech nach die do war, mee et wir flott deen een oder aneren Tipp ze kréien. :-)
|
|
Thema: Nikon D90, Canon 500D oder 550D? |
|
D'D90 as vielleicht souguer besser wéi 550D, ech kennen do elo net all Detail. Mee du mes mat kenger e Fehler.
Ech kann awer just vun esou 18-200er ofroden, dat as net onbedengt optimal wat d'Bildqualitéit ugeet. An do hues de och net wirklech grouss Blenden.
Et hängt natierlech dervun of wat een dann brauch. An der Natur fir Déieren as eng grouss Blend besser. Fir Landschaften as et usech egal, well een do jo fir déi typesch Landschaftsfotoen jo gären vill Déiftenschärft hätt.
Mee esou grouss Zoombereicher as wirklech net gutt wann een och Bildqualitéit well.
D'Objektiv as méi wichteg wéi den Apparat.
|
|
Thema: 60D or 7D |
|
Bis elo stin jo schon epuer helefreich Entwerten hei.
Ech well just op epuer Punkten opmirksam machen.
D' EOS 60D as net méi an der Klass vun der 10D-50D. Et as net méi e Boîtier aus Metal an se as elo och méi kleng. Dat heecht se as och net méi Semi-Pro Klass. Weider enerscheeder an Detailer get et jo am Internet.
D' EOS 7D huet 19 Kraizsensoren déi och besser verdeelt sin wéi déi 9 vun der 60D, an dat as a ganz villen Fäll e groussen Firdeel.
Scharfstellen mat LiveView, dat heecht iwert den Display, muss de mol probéieren, dat as net esou evident bis net méigerlech a Fäll wou een eng open Blend huet an/oder wéineg Lucht an dann nach bei engem sech bewegenden Sujet.
Mengen, dass de klappbaren Display iwerbewert as.
Dat heecht, wann den Choix 60D oder 7D as, dann soen ech elo mol ouni 60D benotzt ze hun, dass ech 7D géing huelen.
Falls et dann awer soll d'60D sin, dann géing ech emol d'Testberichter ofwarden, an déi éicht Erfahrungswerter.
Läschten Tip:
Wann et em d'Bildqualitéit geet, sin d'Suen am beschten an e gutt Objectiv investéiert.
Zitat: |
fuer op Photokina do kanns du dir alles ukucken, ausprobeieren an den Canonleit Lächer an den Bauch ze froen. |
Onbedengt!
|
|
|