Thema: Olympus SH-1 Zoomfehler |
Kleent
Antworten: |
0 |
Hits: |
33.096 |
|
|
Salut alleguer,
ech froën mech grad, wou een mat enger Olympus SH-1 kann higoen, wann een net méi raus- oder eranzoomen kann mat der Kamera? Muss een se direkt aschécken, oder kann een och fir d'éischt an e Fotobutték goen, deen do vläicht kann 1. Hëllef bidden?
Souwäit ech daat verstaanen hunn (et ass d'Kamera vu mengem Papp an ech sinn net sur place), funktionnéiert d'Kamera nach, just de Zoom eben net méi. Ech hunn ob eventuelle Sand getippt, deen d'Rauszoomen verhënnert, mee kann daat elo net vun Leipzig aus nookucken
Kennt een vun Ierch e gudde Foto-Butték zu Lëtzebuerg oder vläicht och Tréier (objiddefall noo bei LUX), wou ech hien hischécke kann, déi vläicht souguer ob Olympus spezialiséiert sinn?
All Hëllef ass wellkomm!
Merci am Viraus
Anouk
|
|
Thema: Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) |
Kleent
Antworten: |
84 |
Hits: |
163.730 |
|
|
Léiw Fotofrënn,
firun e puer Wochen (kuckt uewen) hunn ech hei am Forum iwwert eng Foto-Ausstellung geschriwwen, déi ech de Moment am Kader vu mengem Studium réaliséiere well.
Ech brauch kengem vun Ierch ze erklären, daat eng Ausstellung gewësse Käschte mat sech bréngt an als Studentin huet een et do net ganz liicht. Dofiir hunn ech mech dofir entscheed, mir d'Ausstellung iwwer e ganz neie Modell "Crowdfunding" finanzéieren ze loossen. D'Konzept seed: Kulturprojet'en finanzéiere loosse mat der Hëllef vun Villen! Et kann een endweder normal Spenden (also ouni Géigeleeschtung) oder et spend een Suen an et kritt een sougenannt "Dankeschöns" zeréck. Wann bis eng gewëss Deadline d'Suen net gesammelt sin gëlt de Prinzip "Alles oder näischt". D.h. endweder et kritt een de ganze Budget oder guer näischt.
Meng Ausstellung ass Ugangs bis Mëtt Juni zu Merseburg a Sachsen-Anhalt an och wann Dir sëcher net kennt dobäi sinn bei menger Vernissage géiff ech mech trotzdem immens freeën, wann e puer Leit mech aus der Heemscht géiffen ënnerstëtzen.
http://www.startnext.de/die-stadt
Kuckt Ierch den Trailer un, liest Ierch meng Idee duercht - an wann Ierch d'Konzept gefällt an Dir de Projet eng gutt Saach fannd, freeën ech mech ganz vill iwwer eng kleng Spend. Ech hunn e puer ganz flott "Dankeschöns" (och Print's z.B) formuléiert, déi Ierch interesséiere kéinten...
Merci elo schon fir d'Liesen an d'Zäit huelen!
Vill Gréiss aus Däitschland,
Anouk
alias Kleent
|
|
Thema: Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) |
Kleent
Antworten: |
84 |
Hits: |
163.730 |
|
|
Moien alleguer,
ech plangen grad am Kader vu mengem Studium eng Ausstellung mat Fotoën vu Stied aus Mëtteldäitschland. Well ech jo an Däischland studéieren, ass d'Ausstellung logescherweis net zu Lëtzebuerg mee zu Merseburg, an der Stad, wou ech studéieren. De Projet gett awer vu mir vun dem Plangen bis hin zur Ausstellung op mengem Blog an op Facebook am Détail dokumentéiert, well een daat Ganzt och als eng Art Experiment betitele kéint.
Mäi Blog op Wordpress: http://kleent.wordpress.com
Fir Facebook-Leit: Klick
Wier immens frouh iwwer Feedbacks!
A wann engem mäi Projet extrem gutt gefällt, kennt en einfach op d'Ausstellung an mescht e klenge laange Weekend hei am Saalekreis, ass schéin hei
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Kuckt mol hei op dësem Link - d'Wierder gett super de Weekend. Du weess nach net wat maan?
Ech hunn d'Léisung fir dech!
Eisen aktuelle Concours 3KK leeft nach bis den 21. März.
Matmaache lount sech, et ginn wéi ëmmer erem Präiser ze gewannen.
Also hopp hopp
Vill Spaass
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Ech wollt mol kuerz un eisen aktuelle Concours arënneren mam Thema Food Photography. Dir hudd nach knapp 10 Deeg Zäit, allez hepp
Concours: Food Photography
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Ech hunn des Lescht um Fernseh esou eng ähnlech Reportage gesinn. Verréckt! :-)
Ech freeën mech och op d'Fotoën, déi hoffentlech nach wäerte kommen!
|
|
Thema: Weis Eis Déng Hompage |
Kleent
Antworten: |
259 |
Hits: |
652.743 |
|
|
Ech kann elo och matschwätzen... Ech hunn elo och e Blog...
Ech duercht et ginn der nach net genuch...
http://kleent.wordpress.com
Et geet awer net nëmmen em d'Fotografie, och wann et wahrscheinlech schon de Gros ausmëscht. Ech stëllen op dem Blog och Projeten vun der Uni fiir, respektiv Projeten, déi ech niewt dem Studium fräiberuflech maachen.
Merci a schéinen Owend
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
@ ludiol, BerBe an Maimonides:
Merci fir är Bemierkungen. Mir wëssen daat ze schätzen, emmerhin misst dir och guer net de ganze Forum vollposten an kéint eis och an d'oppe Messer laafe loossen, falls irgendwéi Problemer mam Copyright géifen optrieden. Dofir: Merci
Mir wäerten daat ganz secherlech net sou stoën loossen, an och fir d'Zukunft méi rechercheréieren iwwert de ganze Problem.
Trotzdem muss een och bedenken, daat - wann een et esou genau hellt - zB eis ganz Streetfotoen op Photogen dann och emmer hannerfroen misst. "Huet de Fotograf déi Leit gefroot, ob een des Foto an enger Community online setzen diirf?" ... Ganz oofgesin mol vun deene ganze super Fotoen um Site aus aaneren Länner a Kulturen.
De Concours leeft normal weider. Mir maachen Recherchen, daat ass jo och eisen Job an di nächst Kéier kennt dir Iech jo selwer en Kostüm bastelen an och eng Foto maachen fir de Concours
Ass daat en Deal?
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Tiptop gloda, sou soll daat sinn
An nachengkéier well ech ierch all un eise super Concours erënneren, hei de Link: De Superjhemp an Aktioun!
De Concours leeft nach bis e Méindeg, also weess ech elo schon waat Dir den Weekend op ärer To Do-Lëscht stoen hudd
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Sidd der e bësse faul dir Herrschaften?
Mir ginn zouh, et ass des kéier wierklech net einfach! Mee mir si gären heinsdo e bësse fies
Allez hepp, et fällt Iech dach bestemmt nach eng an fir den aktuelle Concours... an dir hudd nach eng gutt Woch!
Fir weider Infos klick op dëse Link: http://www.photogen.lu/?page=contest_index
Natiirlech kennt dir och rem Präiser gewannen... also op wat waard dir?
|
|
Thema: Kuerzfilm iwwert Photographie ? |
Kleent
Antworten: |
17 |
Hits: |
45.369 |
|
|
Mhm... also ech hätt hei nach eppes, mee daat ass eng Reportage iwwer Kirchsfotographie... Matstudenten vu mir hunn deen am Seminar "Grundlagen der Fotographie" gemaacht. Zimmlech gutt an interessant wéi ech fannen, mee vläicht lo an dengem Kontext net evident.
Mee en ass net schlecht an interessant, dofir hei de Link: Kriegsfotographie
Ech profitéieren dann nach direkt fir iech nach een aaneren Video ze weisen, deen och vun Matstudenten entstaanen ass am Seminar "Angewandte Fotographie - Der fotographische Film"... saugutt an empfehlenswärt ze kucken!
Hei ass de Link: Die Hofmann-Formel
Ech mengen awer net daat ech dir konnt hellefen... mee ech haat irgendwéi grad loscht déi Linken ze posten
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Zitat: |
Original von jotes
Et sin éischter d'Conditiounen (ewéi am Beispill 3-K. Ech wosst bei der Ofstëmmung net wat déi 3 Konditiounen woren. Dofir hunn ech och net gestëmmt) dei missten bei der Ofstëmmung stoen.
|
Mhm ohje dorunner hu mir guer net geduercht!
Merci fir deng Remarque!
|
|
Thema: Concours |
Kleent
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.396 |
|
|
Zitat: |
Original von Jeje
Also wann ech sou krass geif "fudelen" ech soen lo krass mee ech mengen oder ech fannen et ass ze opfälleg dann geif ech mech schon schummen matzemachen
|
Et ass traureg, mee et ginn leider vill Leit déi daat net "wessen" well si d'Konditiounen mol net liesen. Mir hunn schon dacks Fotoën geläscht an emmer koum als Reckmeldung "Oh, deed mir leed, daat wousst ech net." Kann och vläicht eng Ausried sinn, well si et awer wollten probéieren mam Hannergedanken "Boff, déi kontrolléieren daat dach souwisou net"... mee bon.
|
|
Thema: Akkuopluerder fir eng Canon EOS 350D |
Kleent
Antworten: |
2 |
Hits: |
24.526 |
|
|
Salut alleguer,
ech hun dommerweis mäin Akkuopluerder vu menger Canon EOS 350D a menger Wunning op der Uni leihen gelooss. Fir de Summer (vun direkt bis Enn August) brauch ech awer d'Camera an elo hun ech un Iech d'Fro op een zoufälleg 2 Akkuopluerderen huet, fir mir een dovunner auszeléinen?
Daat wier super léiff wann een mer kéint hëllefen...
Merci
Anouk
|
|
Thema: Zirkus-Shooting |
Kleent
Antworten: |
5 |
Hits: |
32.780 |
|
|
Firwat schreiwt hei keen eppes...
Ech fannen d´Idee genial... wier gären dobai wann ech dierf an wann ech do sin.
|
|
|