Thema: D300 oder D700 |
|
Also mengen och dass een als Hobbyfotograf net vill vun enger D3s hudd. Firun allem wärten d'Preisser vun der D3s nie den niveau vun enger D700 errechen.
Wann een kuckt, d'D3 an d'D700 sen technesch baal gleich, d'D700 souguer mei nei, ma awer kascht d'D3 nach stolz 3600 an d'D700 2000 €uro.
Also och wann eng nei D800 keim oder sou, fällt den Preis vum Nikon Flagscheff D3s/D3x nie ob den Niveau vun enger D700.
Giff do och soen, wann Vollformat, dann D700 an en puer gudd Objektiver.
|
|
Thema: D300 oder D700 |
|
Jo, ass deier, ass awer och den beschten Standardzoom deens de am Moment fier nikon kanns fannen. Sen begeeschtert, hat en och am Kit an matt der Réductioun Nikon 60 Jours fier 1200 kritt. Ob Amazon kascht et allerdings 1700 €uro.
Hu mer geduercht, lo kanns de spueren, investier mol an eppes eierbares wei emmer Suen fier mannerwerteges auszegin.
Mee fier ob deng Froo zreckzekommen: d'D700 ass schons immens, ISO 6400 hat ech gudd Resultater, d'Autowhitebalence funktioniert natierlech net mei sou gudd enner schlechten liichtsituatiounen, ma dat ass awer menger Meenung no normal, gett allt emmer bei dpreview als Minus-Punkt ugin.
Mee mengen d'D300 hat deemols jo och well gudden ISO bis 3200…
Kanns se jo mol mat Referenzbiller bei DPreview vergleichen:
http://www.dpreview.com/reviews/NikonD700/page30.asp
Dat hëlleft der flait weider.
Mee mengen kanns och nach bessen waarden, d'D3s ass jo lo ancheemol vill besser am ISO wei d'D700, wann et do dropp ukent. Wat d'D3s kann ass jo well mei wei nemmen bei schweiren liichtsituatiounen ze knippsen, ma souguer an der Daischtert well passabel Biller ze kreien.
Flait kennt jo eng Keier eng D800 mam Sensor vun der D3s. ;-)
|
|
Thema: Concours |
|
Sen och well um iwwerleen, fier meng nei D700 och kreativ mol auszenotzen. Ech hat am Ufank geduercht d'Zitat wirr vum Che Guevara, dien hudd och sou eppes ähnleches gesot:
Let's be realistic. Try the impossible!
Wat och an dei Richtung geht, d'Zitat ass awer schlussendlech net vum Che, mee vum Hermann Hesse.
Mengen d'ass een ganz intressant Zitat, kreativ gett een gefuerdert, doweinst hoffen ech dass ech nach eng gudd Idee fannen an se och emsätze kann.
An dann bleift oofzewaarden, hoffentlech gewënnt keng Foto vun engem Kand wat ze kleng ass fier un den kuch um Kichendësch ze kommen…
|
|
Thema: D300 oder D700 |
|
Also ech hat lo 4 Joer laang eng D70s, hun ech och emmer nach, ma sen lo seit enger halwer Woch stolzen Besëtzer vun enger D700.
Et ass een herrlechen Apparat, einfach beandrockend, virun allem weinst dem Vollformat.
Ech hat mech och missen zwescht enger D300s an enger D700 entscheeden missen, hun mech awer schlussendlech fier dei mei deier D700 entscheed, well ech mer gesot hun, eng Kéier eppes an den Vollformat Boitier ze investeiren, an plaatz lo en DX-Boitier ze kaafen an dann an puer Joer op FX ze wiesslen. Hu mer och direkt en 24-70mm 2,8 kaaft, ass natierlech och en super Objektiv.
D'ass natierlech lo d'Froo, huss de Vollformat-Objektiver, wei z.b. den 70-200mm oder sou, well fier d'D700 wirren sou natierlech empfehlenswert. Wanns de lo nach nei Objektiver muss kaafen, gëtt den Changement zur D700 natierlech eng deier, virun allem well d'D300 nach net su aal ass.
ISO ass d'D700 natierlech besser, brauchs der awer lo keen Quantensprong do ze erwaarden. Bei ISO 6400 sen d'Fotoen nach zimlech gudd awer d'Rauschen ass bei 100% vergreisserung schons siichtbar.
Fier mech war et en Meilenschrett, vun der D70s ob d'D700, mee fier een D300-User ob d'D700, do ass d'Fro natierlech ob et sech lount. Ech kann der dat net richteg soen, ma wanns de awer Volformat wells, gudden ISO an en genialen Boitier, dann kaaf der d'D700, du wärs et net bereihen, den apparat ass eben typesch Nikon, du leiss en net mei aus der Hand. ;-)
Wat huss de dann fier Objektiver fier deng D300, en matt VR an grousser opener Blend? Wann net giff ech der flait rooden an een liichtstaarkt Objektiv ze investeiren…
|
|
Thema: occasiouns Mëttelformat |
|
E Kolleg vu mer hei zu Kaiserslautern verkeeft sengem Papp seng Hasselblad matt 2 Objektiver, allerdings as dat ganzt natierlech net ganz belleg, mee dofier komplett an Profimaterial…
Kann mol froen, mee mengen en freet sou zwescht 1800 an 2000 €uro derfier…
Do muss een sech dann natierlech schon mei mam Mëttelformat wellen auserneen setzen fier sou en Investissement ze maan.
|
|
Thema: Les 90 jours Nikon |
|
Wat huss du da rem kaaft? ;-)
Ech sen um iwwerleen fier mer eng D300 ze leeschten, mee sen awer nach vill Suen.
Soss warden ech mol op d'D400… :-D
|
|
Thema: Les 90 jours Nikon |
|
Ween sech, sou wei ech, an letzter Zait iwwerluecht hudd, sech en neien Nikon-Body oder nei Objektiver zouzeleen, deen wärt dëst secherlech intresseiren:
http://www.nikon90jours.be/Forms/Home.aspx
Op der D300 kënnt der dann zumindest mol 100 €uro rembourseiert kreien vun Nikon, wei dat ganzt lo funktioneiert, kann ech ierch net soen, nach weess ech net op ech mer eng D300 sollt kaafen. :-P
|
|
Thema: Sigma 70-300mm? |
|
Also, ech hun de Model firum Dany sengem, dat heescht den Sigma 75-300mm APO op ebay fier 100 €uro kaaft, an ech muss zwar soen, fier de Prais ass dei Lens nawwel net schlecht.
Stemmt allerdings, heiandsdo ass den Autofokus bessen lues, en plus hudd dien aale Model nach en EXTREM Lautstaarken Autofokus… :-)
Bon, ech senn allt well um gang mecch no engem Nikon oder Sigma 70-200mm f:2,8 emzekucken, well awer eppes besseres, mee den Sigma 70-300 ass secherlech VILL mei preiswert wei sou liichstaark stecker an en plus ass en bis 300mm. (An dei notzt een och aus, wann een sou eng Lens hudd, dat ass secher)
Wanns de nach mei Brennwait brauchs, dann ass deen hei secherlech och intressant: Tokina 80-400mm
Natierlech och e Krack mei deier.
Tamron hudd och nach eng Alternativ zum Sigma: Tamron 70-300mm
Ech muss zwar nach zum Sigma soen, datt ech eigentlech matt de Fotoen ganz zefridden senn, firun allem wat d'Schärft ugeht. Et krett een awer emmer rem eng flott Schärft dermatt dran, an ech kann mech driwwer bekloen.
|
|
Thema: Iislekk Meeting |
|
Ech hun no Lloret (28. juni) Eigentlech masseg Zait.
Fixeiert dier mol en Datum, ech passen mech do un.
|
|
Thema: Iislekk Meeting |
|
Also, e Meeting am Eisleck ass wierklech eng excellent Idee!
Allerdings weess ech lo net wat een am Eisleck kinnt knippsen… :-D
Op alle Fall, wann ech do senn, senn ech och derbei!
|
|
Thema: MacBook Air |
|
Jo, stemmt.
Mee bon, mam MacBook bass de grad sou gudd bedingt, an en ass mei belleg…
Doweinst, hmhmhm, do spillt awer ganz vill dei exklusiviteit vun deem platten Air matt.
Mecht einfach vill mei hier, wanns de den MacBook Air raushells an en opklapps.
Well eigentlech muss de dei 600 €uro mei net bezuelen dei zescht engem macBook an engem macbook Air leien, well den MacBook ass grad sou gudd… (natierlech hudd den Air lo mei nei technologien) Hmhmhm, mee ka mer och egal sen, wat d'Buisnessmännercher sech kaafen. :-P
|
|
Thema: MacBook Air |
|
Hmhmhm, komesch Zielgrupp… Bon, dei senn flait eben net grad sou wei ech a mussen alles matt engem Computer maache kennen, Desktop-Mac, wei och Notebook.
Ech hun do flait ze heisch Usprech un en Notebook, doweinst senn ech och imac-User... :-P
Mee bon, ech hu jo gesot, datt Apple d'technologie weider gepuscht hudd mam MacBook Air, mee se hun awer vill vun den aalen, soe mer mol, sofistikeierten medien weggeloss, sou dass villes net mei um macBook Air meiglech ass.
Fier leit, dei soss naischt maan, wei mol um internet ze surfen oder Kollegen hirr iphoto-Diashows weisen wellen, ass en natierlech flott, mee bon, d'Konzept macBook Air ass eben net un d'Zielgrupp "Eric" geriicht, dei gär eppes ordentleches fier e gudde Preis hätt.
(Okay, den Air as eppes ordentleches, mee geht et ass einfach naischt drun fier dei suen...)
|
|
Thema: MacBook Air |
|
hmm, ech senn zwar eischter enttäuscht vum Air.
Bis lo hudd Apple nach emmer den Design optimeiert, wei lo z.B. en ultraflaachen Notbook, an do dann och ememr nei Technologien dragebaut, wou bei se awer dei aal net vernoleissegt hun.
An den MacBook Air ass awer en Schrett an eng aaner Richtung, wei gesot, z.B. nemmen 1 USB, keen CD-DVD-Laafwierk, etc.
Ech brauch scho mindestens 2 USB-Uschless, fier d'Maus, den Stick, flait souguer nach card reader oder iPod-Dock… (An sou eng Bluetooth-Maus ass naischt fier mech, fier do ememr rem nei Battrien dran ze maan… Do bleiwen ech bei der gudder aaler Kabelmaus.)
Bon, ech senn der Meenung, datt een besser hudd, sech en MacBook normal vun 13" ze kaafen, well wat mecht dat fier en enenrscheed ops de lo en MacBook oder en MacBook Air matt der rondrem schleefs? Alle beid hun 13" zoll an senn deemno gleich grouss. An vum platten Design hudd een eigentlech net vill, dei meecht vun eis droen hirren Notebook an enger Täsch matt sech, oder am Rucksack. An bon, do soen ech mer, datt een beim normalen MacBook awer mei Computer fier manner Geld krett, wou een sech bestemmt net enenrwee opreegt, well een dest oder dat net dermatt maache kann...
Den Air ass einfach mei den Exklusi-effekt, wann een am Café oder um Büro sein schicken MacBook Air raushellt, sou flaach wei en ass, steht e seier am Mettelpunkt vun der Discussioun, wei z.B.: Huss de deem sein Laptop scho gesin? Jo, sou eppes plattes hun ech nach nie gesin... An da kanns de och nach wireless op den I-net… WOW!
Eben den Wow-effekt. Richteg praktesch ass en trotz senge Moossen net, wei gesot, well den MacBook awer gleich grouss ass, eben mei weit an e bessse mei deck ass, mee dat steiert een zwar weineg, et hudd een sein Notebook souwisou an der Huss.
An ememrhin senn d'MacBooks an d'MacBook Pros och schons sou schlank, vergleicht se mol nemmen matt Acer oder Dell oder sou "Gerempel" (Sorry Windows-User, senn nun mol Apple-Freak), do senn dei normal Aplle Notebooks dienen awer schons hausheig iwwerleen.
|
|
Thema: MacBook Air |
|
Tjaja, well de johny mer jo rem net soe well, wat hien zum neien ultraflaachen MacBook Air vun Apple hält, maachen ech allt en Threat op, fier ierch ze froen, wat der vum neien notebook haalt! ;-)
http://www.apple.com/macbookair/
Majo, wat ech dervun haalen, ass ganz kloar. Och wann ech Apple-Freak senn, senn ech net sonnerlech dervu begeeschtert. All Respekt un Apple, datt se sou eppes plattes als Laptop ferdeg brengen, an a sou flottem design, mee a mengen Aan ass dee Computer grad dofier geduercht, fier mol rem an d'Gespreich ze kommen an deenen aaneren wei Sony, etc. ze weisen, wat Apple op der Kescht hudd.
Mee mei ass den MacBook Air awer och net, well en deier (1700 €uro) wei ech weess net ass, fir dat wat en schlussendlech als Hardware dran hudd. Keen CD-/DVD-Laafwierk, (op dat lo zukunftsweisend ass, ech bezweiflen et) nemmen 1,6 ghz, respektiv, 1,8ghz, och nemmen, souweit ech dat lo richteg gekuckt hun, nemmen 64gb speicher, etc.
An da verstin ech nach net, wat den ennerscheed zweschen dem MacBook Air vun 1700 €uro an deen vun 2700 €uro ass. (siehe Apple Store) http://store.apple.com/Apple/WebObjects/...2w2sRh81OZ8mQTt
|
|
Thema: LaCie Ethernet Big Disk |
|
Hmhmhm, jo 4Mbit/s ass jo net grad immens…
Mier hun hei heem mengen ech 100Mbit/s oder souguer 1000Mbit/s, dat geht dann natierlech scho mei seier…
Mee dann hätte mer jo lo zu mindest mol de Problem vum luesen Datentransfert opgedeckt. Lo fehlt nach d'Leisung.
@ Johny: Dann scheck mer eng PM, oder maach en neien threat op. :-)
|
|
Thema: LaCie Ethernet Big Disk |
|
En ass nach laang net sou deier wei hirren neie MacBook Air, en Notebook no deems d'Welt nach nie gefrot hudd… Deier wei ech weess net wat, mee et ass fier mech nemmen en halwen Computer… (keen CD-/DvD-Laafwierk, nemmen 64gb Speicher, nemmen 1,6 respektiv 1,8 ghz etc…)
Ass wierklech nemmen een notebook matt deem Aplle allt mol rem der Welt well beweisen wat se dach fier schein Saachen bastele kennen, richteg praktesch ass en awer net.
Wat den Time Capsule betrefft, 1 Terrabyte ass intressant, mee wann ee keen Wireless hudd, ass een och rem domm drun.
Mer hun zwar souwisou en Ethernet-Harddisk vun 320gb vun Buffalo, matt direktem iTunes-Plugin, an deen ass awer wierklech seier. (grad sou seier, wann net nach e Krack mei seier wei mein maxtor Firewire-HD) Doweinst verstin ech lo net, firwat de LaCie do mei lues sollt senn…
Wat huss de dann fier eng Ethernet-Leitung?
Do gin et jo bekanntlech och nach verschidden Geschwindegkeeten… Do geht et z.B vun 10 Mbit/s, 100 Mbit/s bis 1 Gbit/s. Flait leit et hallt un der Leitung…
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
Ech hun natierlech de klengen iPod shuffle am styleschen Aluminium-Design. :-) I Love it! Genau dat richtegt fier moies am bus oder soss wou, well een en emmer derbei hudd.
Mee et gett d'nächst Vakanz en iPod 80gb matt Photo-Adapter, da kann ech meng Fotoen drop setzen a muss keng 100 CF-Kaarten mattschleefen. (Woubei ech nemmen eng hun)
|
|
Thema: iTunes Audio Enhancer |
|
Kanns der natierlech och d'Harman/Kardon Soundsticks kaafen. Dei senn och vum Apple-Designer Jonathan Ive a klengen super.
Huss de nach net gekuckt op um G5 en Ausgang fier d'Speaker ass? Dann huss de nämlech deen fier d'kopfhörer frei, eng praktesch Saach...
Soss kucken ech mol op mengem Papp sengem no.
http://www.harmankardon.com/product_deta...TICKSII&sType=C
|
|
Thema: iTunes Audio Enhancer |
|
Souweit ech weess gett et do keng meiglechkeet fier dei intern an dei extern matteneen laafen ze lossen...
Wat huss de fier e Mac? Bei mengem iMac woren deemols nach dei cool ronn Bullen vun Harmann/Kardon fier den extra Speakerausgang um iMac G4 derbei. Dei klengen wierklech gudd!
Wanns de och sou een speakerausgang fier dei Harmann/Kardon huss, giff ech der rooden mol op eBay nodeenen ze sichen, dat klengt wierklech gudd.
Mee soss datt den Equalizer vum iTunes net sou genial ass, mierken ech och dachs, wann ech meng Stereosanlaach uschleissen. Do ass dach emmer en terriblen qualiteitsverloscht. Kann zwar och um Kabel leien...
(sou een vun 2€ vun Hama)
|
|
|