SuShI
Jungspund
Dabei seit: 31.05.2006
Beiträge: 12
Herkunft: Fentange
|
|
Hallo,
maa hun eng Fro an zwar wei een Photoprogramm aas gudd fir een Ufänger (Amateur)? Wor firum kuerzem zu Tréier an hun 2 Programmer fond : den Adobe Photoshop Elements 6 (em déi 89 euro) an Paint ShopPro PHOTO X2 vun der Firma Corel (och den selwechten preis). Wollt Ierch froen, wei een dir mengt der waert aas ze kaafen? Oder soll ech iwerhapt nach no engem anneren siichen? An iwerhapt wou siichen?!
|
|
17.06.2008 22:09 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Et sin béid Programmer déi an der Rei sin. Den Paint Shop Pro XI hat ech no e puer Deeg nees erof well en Spyware ähnlech Features hat. Ech weess net ob dat och fir déi nei Versiounen gëlt.
Eng gratis alternativ as den populären Programm 'Gimp'.
__________________ www.gloda.net
|
|
17.06.2008 23:17 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
Ech roden der den "Gimp" ,wanst mol een bleck wels werfen op die 2 anner an en as gratis. Sos roden ech der den Photoshop, well ech mat dem ugefangen un an ganz zefriden domader sin.
|
|
17.06.2008 23:20 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
|
17.06.2008 23:21 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
also geif mol soen mes mat kengem vun deenen 2 eppes falsch.
ech hun mam paintshop ugefaang an muss soen daat ech zwar ganz zefridden dermat war an ech dun beim wiessel ob den Ps keng probleemer haat vier mat deem eenz ze gin.
den vierdeel vum Corela ss daat en zimmlech benotzerfrendlech ass, dei alest versioun huet och nach en richteg gudden help-tool vier ma ufank, vrun allem awa sin bei den tools emmer su kleng billecher dabei wus de der eppes vierstellen kanns an dan iergentwann kenns de d begreffer an ges dan och mam Ps eenz.
vierdeel vum elemets ass wacheinlech daat en d selwecht obgebaut ass wei den decken Ps, de also relativ seier dech an deem remfenns och. hun anch nie mat deem geschafft, kann der also net vill dozou soen.
__________________ Anti-Signature
|
|
18.06.2008 16:08 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Wéi den Metalbambi seet, déi zwee sin gläich gudd. Et gët nach vill aanerer an déi meescht kann een als trial-versioun ausprobéieren. Daat ass daat bescht waats de maache kanns. Klengen Tip: Photofiltre. Deen get et als freeware an fir den Ufank kann een schons villes domat maachen (an en huet am Géigesaatz zum Gimp eng besser opgeraumten Benotzeroberfläch). Den Gimp ass mëttlerweil ganz stark, mee mir gefällt nach emmer den chaoteschen GUI einfach nët, mee daat ass affaire de goût ...
(ech benotzen iwrigens den Photoshop CS3, mee deen kann sech net jiddereen leeschten an wann een kuckt waat den Elements 6 kann, dann mecht et och fir net-professionellen Asaatz net wierklech Sënn)
|
|
20.06.2008 13:44 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
haat den gimp och eng keier probeiert an sin keen meter dermadder eenz gin, mee muss soen ass schon laang hier.
den Corel kriss de als trial vier 2 wochen an ass relativ preisgensteg vier dano ze kaafen den PS gefaellt mier perseinlech awa besser.
wei gesoot ech hun mam corel ugefaang an dano ob PS CS2 emgestiegen (kruut en vun engem, war also gratis).
__________________ Anti-Signature
|
|
20.06.2008 20:33 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
oder du warts bis den PS CS4 elo eraus kennt mee bon den get secher ebessi deier
|
|
21.06.2008 10:57 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
Zitat: |
Original von toto
oder du warts bis den PS CS4 elo eraus kennt mee bon den get secher ebessi deier
|
wat bröngt dat dann? du kanns der dach grad esou gudd den elements kafen (basis versioun vu photoshop) den CS4 wäert keng esou riesech ännerungen hun dass et derwäert as drop ze waarden ..
__________________
|
|
21.06.2008 11:51 |
|
|
|