nomihoudai
Grünschnabel
Dabei seit: 15.03.2011
Beiträge: 3
|
|
Lëtzebuerger Päiperleks-Kartographie |
|
Duerch dessen Forum guff ech inspireiert ee Projet deen ech scho sait längerem welles haat, awer alleng nimols packen kann ennert där Form wi ech ma et fierstellen, elo awer duerchzezeien. All Woch gin hai wonnerbar Paiperlecksfotoen am Forum gepost an et sin eng jett Arten derbai di ech selwer mol nach iwerhaapt nie gesin haat !
De Projet deen ech ma fierstellen as eng Kaart fun Letzebuerg ze machen mat den genauen Platzen wou weieng Paiperlecken sin. Zieler fum Projet as et gegebenenfalls wichteg Platzen am Land ze fannen fier d Biodiversiteit di geschützt mussen gin an emol endlech rem op den aktuellen Stand ze kommen fier ze wessen weifill Paiperlecken ma dann elo iwerhaapt hun ?
1981 gouffen an Letzebuerg 108 Arten kartographéiert, wei steht et 30 Joer derno, 2011 emt ais Paiperlecken ?
Liest mei op : http://www.flickr.com/groups/paiperlek/
Ech ging mech iwer all Mattarbescht rieseg freen !
|
|
07.06.2011 14:54 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat kléngt ewéi e flotte Projet. Ech hu mech emol am Grupp ugemellt a wann ech dann eppes fotograféieren wat passt dann lueden ech et erop! E puer Froen a Kommentaren fir den Ufank:
-Ech ginn dovun aus dass Fotoen aus dem Päiperlécksgaart fir dësen Projet absolut onnëtz sinn. Hunn ech dat richteg verstan?
-Well et jo iwwer Flickr leeft kann een jo do och schonn profitéieren fir d'Geolocation op deem Site selwer och nach eemol anzedroen.
-Looss eng Kéier den Spellchecker iwwer d'Beschreiwung vum Grupp lafen
__________________ www.gloda.net
|
|
07.06.2011 15:39 |
|
|
nomihoudai
Grünschnabel
Dabei seit: 15.03.2011
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Moien Gloda, zu dengen froen:
- un den Paiperlecksgaart haat ech net geduercht ^^ Ech losen et elo mol fier den Ufank erlaabt, an kucken weifill Input dofunner kent. Natirlech geet et emt ais eenheemech Arten, sollten d Paiperlecksgaart Fotoen een normalen deroulement awer behenneren behaalen ech ma fier dei Fotoen dann net mei an den Group opzehuelen.
- Daat mat da Geolocatioun kann een natierlech benotzen, de Problem as just deen datt ech net wees op ech do d'Koordinaten einfach copy-pasten kann, wann daat meiglech as dierf dei Method natierlech gären benotzt gin. Den copy-paste as wichteg fier datt ech d'Daten seier a mengem Google Earth an enger Datei kombineiren kann fier dann di insgesamt Kaart fun da Verbreedung ze gesin. Sollt de Projet lo wierklech ulaafen an all daag 30 Fotoen erakommen hun ech natierlech keng loscht fier 30 mol eenzel di Zuelen ofzetippen fun 30 verschide Lait wou jideree just 1 mol eppes hued missen agin
- Den Spellchecker war iwer den groussen Ufankstext gelaf, vu que datt ech awer bessi mei aus dem Eisleck sin an mir och puer Zeechen op menger daitscher Tastatur fehlen wert et fier Lait aus anneren Deeler fum Land ee bessi komech ze liesen sin
DESWEIDEREN, d'Qualiteit fun den Photoen as egal, den Paiperleck kann esou scheif a verwackelt sin wi meiglech, sulang ech d Art secher erkennen kann an d'Daten stemmen kennen se gepost gin.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von nomihoudai am 07.06.2011 15:55.
|
|
07.06.2011 15:53 |
|
|
DarkRoom
Mitglied
Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28
|
|
hun mech do och emol ugemëllt
ech brauch och net wäit ze laafen, mier hun der vill am Gaart
|
|
07.06.2011 16:23 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
RE: Lëtzebuerger Päiperleks-Kartographie |
|
Ganz gudd Idee, ech sinn dobei ... mëllen mech herno an d'Group
|
|
07.06.2011 17:54 |
|
|
WorldTraveler unregistriert
|
|
Ech fannen d'Idee net esou gudd, well doduerch selten Arten kennen gefährdet ginn! Wann all Mensch wees wou weieng Paiperlecken unzetreffen sinn, daat wir guer net gudd!
Wollt elo just meng Meenung soen, hun keng Loscht, hei ze streiden!
|
|
07.06.2011 18:56 |
|
|
|