Shantideva unregistriert
|
|
Ma, ech hun geschter Owend schon meng eischt Bestellung gemeet.
Dichter strikes back!
|
|
21.02.2009 14:14 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
ma daat freet mech
tiptop!!
|
|
21.02.2009 20:05 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Ass jo alles schéin a gudd....mee wéi baal alles hei am Land,fuerchtbar Preiser !,wéineg Choix a weineg technesch Information iwer benotzen an acceptéiert Faarfprofiler.
|
|
02.03.2009 13:13 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ma, dann so mir wous du een 30X45 nach fir 5 Euro kriss??? Wanns du gären eng Schrottqualtéit häss, dann fenns du bestemmt nach méi belleg um Internet awer zu dem Preis hei mat deser Qualitéit kriss du néierens besser.
D'Fotoen gin op Frontier Minilab chemesch entweckelt. Een Faarwprofil brauchs du eigentlech net. Wann een lang um Internet sicht, dann fennt een och Faarwprofiler fir een Proof ze simuléieren. Ech hun se och font (no langem sichen) awer nach net benotzt. D'Resultat ass souwiesou emmer ganz gudd. Du muss deng Fotoen am sRGB speichern well d'Frontier net mat Faarfprofiler schafft. Déi liesen just d'Informatiounen sou wéi se se an der Foto fannen an do passt den sRGB am beschten.
Wanns du d'Fotoen verschafft hues, dann ass et besser him um Enn vun der Kommande an den Kommentar ze schreiwen dass du keng Autokorrektioun op dengen Fotoen wells. D'Frontier analyséiert deng EXIF an mech dorops hin nach eng automatesch Autokorrektioun déi eventuell fatal kann sin bei verschafften Fotoen.
Ech sin immens zefridden mat dem Service an hun och schon eng Ausstellung mat Fotoen gemeet déi bei him entweckelt gin sin an d'Qualitéit war absolut Ausstellungsfäheg!
|
|
02.03.2009 13:36 |
|
|
rhconcept
Grünschnabel
Dabei seit: 12.01.2006
Beiträge: 8
|
|
Daat énzegt waat ech nach um Site vermëssen sin d'Versandkäschten. Wann déi o.k. sin, wéss ech wou ech an Zukunft meng Fotoen bestellen, well d'Präisser vun de Fotoen sin fir mech ganz o.k. a vu dass en och kann mat Paypal bezuelen ass och en Atout.
|
|
02.03.2009 14:08 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Fir 5 Euro kréien ech baal 3 ! 30x45 an daat an enger genialer Qualitéit.
An daat asouguer op Silk Pabeier,da gin et der awer net grad 3 well deen minimal méi deier ass.
An zwar hei : www.saal-digital.de
Si Leit déi bei FC - Print geschafft hun,Maschinen a Pabeier déi selwecht awer am Preis drenner.
Méi schnell geet iwerens net...Sondes Mettes fortgescheckt...Denstes an der Boite !
Schaffen souwuehl RGB wei sRGB,kanns e proof mat hierem Pabeier erooflueden,etc
Kann der se nemmen recommandéieren,probéier et selwer emol aus,gin der Garantie,du bass begeeschtert !
De Labo get iwerens och baal a sämtlechen deitsche Foren recommandéiert.(zb. dforum...Dslrforum)
Absolut ze empfehlen ass iwerens de Silk-Pabeier...zweschen glanz a matt mat enger liechter Strucktur..genial bei Portrait.
Zudem hues de eng onmass Zweschenmoosen am Pabeier,alles Saachen déi wichteg sin.
Ajo,a bezuelen dees de hei duerno,leit eng Rechnung derbei bei der Liwerung,also absolut keen Zeitverloscht duerch Iwerweisung !
PS : Nee,schaffen net bei déer Firma a ging och net gesponsort vun hinnen :-)
Mee sin effektif absolut begeeschtert souwuehl vu Qualitéit,Service wéi vum Preis
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von tscjoki am 02.03.2009 14:35.
|
|
02.03.2009 14:25 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Daat kleng allerdings och interessant. Déi sin dann awer dann och net chemesch entweckelt. Ech wärt daat dann och eng Kéier ausprobéieren. Beim foto.lu hues du zwar och een extrem schnellen Service, an hei am Land kriss du déi Qualitéit op jiddefall néierens net zu dem Preis. Ech hun bis elo nach keen Service font deen sou gudd klappt (also hei am Land). Beim Fotograf hun ech deslescht 20 Euro fir een 30X45 Tentenstrahlausdrock gefrot kritt.
Merci fir d'Info!
@rhconcept: D'Versandkäschten bei foto.lu sin ganz OK. Du bezils just daat waat den Versand och kascht. Ech hat bis elo nach nie d'Gevill do irgendwéi iewert d'Ouer gehaan ze gin, och virdrun net beim Dichter oder bei photoservice.lu
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 02.03.2009 14:57.
|
|
02.03.2009 14:54 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
ech soen dozou das ech egal wei hei am Land eppes kaafen kann wann den Preis an Quali okay as an net an Ausland laafen ...
daat as een Problem fir Betrieber hei am Land...
mbG
|
|
02.03.2009 20:37 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
|
02.03.2009 21:01 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
Deen Service gett et dach elo nach net esou laang..... ech fannen et gudd dass et et elo emol iwwerhaapt hei am Land gett, an vlait änneren d'Präisser jo nach wann et bis richteg gudd ugelaaf ass (mei Demande, mei Offer ; oder wei war daat namol? :-P)
Wann et et schon hei gett, an d'Quali an der Rei as, kann een hinnen och eng Chance gin.
cheers
|
|
03.03.2009 00:34 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
War virun 2 Wochen um Site, fier ze kucken wat dat da kascht, hun awer keng Präisser fonnt. Hun dun eng "fiktiv" Bestellung opgin fier un d'Präisser ze kommen (hat vill Gedold, mee schons e Minuspunkt) an hu misse feststellen, dass et am Verglach zu aneren, déi och gudd Qualitéit liwweren, awer "gepeffert" as.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 03.03.2009 07:52.
|
|
03.03.2009 07:43 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Zitat: |
Original von patrickr
War virun 2 Wochen um Site, fier ze kucken wat dat da kascht, hun awer keng Präisser fonnt. Hun dun eng "fiktiv" Bestellung opgin fier un d'Präisser ze kommen (hat vill Gedold, mee schons e Minuspunkt) an hu misse feststellen, dass et am Verglach zu aneren, déi och gudd Qualitéit liwweren, awer "gepeffert" as. |
Preisser sti ganz ennen um Site,am klenggedrecken.
Daat ass effektif net ganz gudd gemeet,hun am Ufang och gesicht.
|
|
03.03.2009 08:43 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Also...
Ech sin amgangen meng nächsten Ausstellung virzebereeden. Dofir hun ech dann och een Test gemeet vun beiden Laboen déi hei ugeschwaat gin sin. Dat waren:
http://www.foto.lu
http://www.saal-digital.de
Bei beiden Servicer hun ech folgend Produkter bestallt:
1 X 30X45 chemesch entweckelt Foto
1 X 50X75 Poster Ausdrock matt
Als eischt zu denen chemesch entweckelten Fotoen:
Saal Digital schafft mat enger Agfa Minilab an et kann een d'Faarwprofiler erooflueden. Den Photoservice schafft mat Fuji Minilab. D'Agfa Minilab ennerstetzen Faarwprofiler and d'Fuji Minilab ennerstetzen keng. Dofir hun ech beim Photoservice präziséiert dass ech keng Autokorrektur op der chemesch entweckelter Photo wéilt. D'Foto soll esou gin wéi ech se verschafft hun an net nach durch irgendeng Korrektur verännert.
Beid Servicer bidden keng 100% 30X45 Formater awer beim Photoservice ass meng Foto genau op d'Blatt komm wéi ech se och um Bildschirm gesin. Beim Saal Digital ass op enger Seit d'Bild e bessi gecroppt (bal 1 cm!!!). Et gin Fotoen wou een daat net mierkt, awer bei menger Foto war den Cadrage pedantesch genau an dofir ass d'Bild net méi sou daat wat et war. Ech hun och beid Fotoen hei heem ennert Normliicht verglach an d'Qualitéit ass praktesch déi selwescht. D'Foto vun Saal-Digital ass e bessi méi donkel an méi kräfteg am Kontrast awer irgendwéi gefällt mir d'Aarbescht hei vum Photoservice e bessi besser. Et ass zwar een immensen Ennerscheed am Preis zwechend 1,79 € bei Saal-Digital an 5 € bei Photoservice.
Fazit: Ech wärt hëchtswahrscheinlech awer méi bezuelen beim Photoservice fir meng Ausstellung ze machen well ech net kann domat liewen dass mir 1 cm vun enger 30X45 Foto fehlt. Dobei kennt jo dass durch den Passe-Partout jo och nach eppes verluer geht. Awer ech well mir och keng Chance entgoen lossen just well sou een Detail net stemmt.
http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=28996
Elo zum Poster:
Hei ass déi Sach just emgedréint. Ech hat des Woch eng Bestellung fir een Poster kritt. Den hun ech dann och bei beiden Servicer machen geloss an do hun ech awer direkt gesin dass d'Qualitéit vum Poster bei Saal-Digital besser wier. Den Poster huet eng Foto vun den Heigiewen um Belval gewisen wou een Heiguewen am Virgrond ass, an deen aaneren am Niewel e bessi méi weit hannen. Bei der Foto vum Photoservice ass den Kontrast sou verstärkt gin dass d'Foto hieren Charme e bessi verluer huet. Durch d'Kontrastverstärkung ass den Niewel e bessi verluer gangen.
http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=24248
Schlussfolgerung:
Fir Fotoen ass den Service vum Photoservice hei zu Lëtzebuerg den besseren an fir Posteren ass den Service vun Saal-Digital den besseren. Ech hoffen ech konnt verschidden Leit e bessi mat mengen Erfahrungen hellefen.
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 16.04.2009 17:47.
|
|
16.04.2009 17:45 |
|
|
Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
Merci fiir deen Erfahrungsbericht
|
|
16.04.2009 19:33 |
|
|
MB-Photos
Jungspund
Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11
|
|
Also wann ech dat heiten sou liesen dann soen ech just et soll jidereen bei den goen wou en mengt hien kricht seng Qaliteit zu sengem Preis, well do gin Meenungen secher ausserneen.
Ech hun och schons Fotoen bei verschiedenen Printservicen bestalt, wou ech soen muss dat Preisser an Qualiteit emmer ennerschiedlecher sen an zur Konklution komm sen den traditionellen Photobuttek as dat bescht, as vieleicht puer Cent mei Deier awer ech kreien meng Qualiteit an dat waat ech gear het, an ausserdem bei enger Bestellung vun Fotomaterial och emmer en besseren Preis.
Qualiteit as ebben mei Deier woubei ech Foto.lu och weart ausprobeieren awer net am Fotoprint gin jo och nach aner Sachen.
|
|
16.04.2009 21:16 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech denken dass den Foto.lu déi beschten Qualitéit hei am Land bidd. Besser hun ech nach net font, awer schon vill méi schlecht...
|
|
16.04.2009 21:27 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun elo awer nach een WICHTEGEN Feedback an Sachen Labotest:
Dorophin dass ech hei den Feedback iwert meng Laboerfahrungen zweschend Foto.lu and saal-digital.de geschriwen hat sin ech dann geschter vun Här Dichter vun Foto.lu ugeruff gin. Et ass esou dass heen main Kommentar gelies haat an sech e bessi Suegen gemeet huet well ech do eng scheinbar besser Qualitéit fir Posteren font hun wéi seng. Heen huet dann den Poster vun saal-digital.de mat sengem Poster verglach an d'Ursach vum Problem font, deen an der Konfiguratioun vun Hard- an Software war. Desen Problem ass bei deser Foto e bessi méi an d'Gewiicht gefall well et eben em den liichten Niewel geht den den Daag vun der Photo do op der Platz war.
Ob jidde Fall hun ech Haut per Post zwee nei Posteren kritt an enger impeccabler Qualitéit, absolut identesch mat dem waat ech vun saal-digital.de kritt hat.
Heen hat zwar gemengt dass et net néideg wier dass ech nach eng Kéier hei eppes doriwer schreiwen, awer ech wollt daat awer unbedingt machen well ech fannen dass sou een TOP Service après Vente misst ernimmt gin.
Also get et elo fir mech wirklech keen Grond méi fir eppes am Ausland ze bestellen well d'Qualitéit vun den chemeschen Ausdreck (bis 30X45) jo souwiesou schon besser war bei foto.lu an den Service après Vente ass jo net ze iwertreffen!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 21.04.2009 17:49.
|
|
21.04.2009 17:46 |
|
|
|