WorldTraveler unregistriert
|
|
Ech wollt des Photo eigentlech op photogen eroplueden, mee well se net ugeholl ginn ass (eigentlech och normal), setzen ech se hei an den Forum.
Ech hunn duerch Zoufall een kennengeleiert, deen, genausou wei ech, och zu Tahiti wor, mee an den 90er Joeren. Dei Persoun huet mir eng Beierfläsch vun deemols matbruecht. Ech hunn op der Beierfläsch eppes komeschen entdeckt. Deemols huet genau dei Beiermark, vum aaneren Enn vun der Welt, den Beierconcours vun Lëtzebuerg gewonnen, an daat steet och op der Fläsch!
Hei ass den Link zu menger Photo: (Vergréißeren kann een se duerch e Klick)
http://imageshack.us/photo/my-images/819...imageshack.jpg/
Cool, oder?
2 Plaatzen, dei eigentlech guer neicht mateneen ze dinn hunn!
David
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von WorldTraveler am 24.06.2011 18:43.
|
|
24.06.2011 18:42 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Moien,
Ech fannen deng Photo guer net schlecht, am Vergleich waat soss hei op Photogen gewisen gett ! Eleng den "Seltenheetswert" hätt missen duergoen fier dass se akzeptéiert gett, well technech gesinn ass se OK.
Déi ganz Problematik "meng Poto ass net ugeholl ginn" geréit menger Meenung no emmer méi zu enger gewesser "Farce".
Ech hun e bessen d'Gefill wéi wann hei op Photogen an der leschter Zeit esou geet wéi an der Schoul: jiddfereen muss den Premiersexamen kréien, egal wéi, waat déi Bestätigung dann herno nach wert ass, steet op engem aaneren Blaat, mais d'Haaptsaach et stéisst een keen widder den Kapp .... (waat awer net op deng Photo zoutrefft -menger Meenung no- woufier hun ech jo schons gesoot.
|
|
24.06.2011 19:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
gunman: Et gëtt genuch iwwert dat Thema ze liesen, do hues de e puer Stonnen Beschäftegung
Den WorldTraveler wollt awer hei seng Foto weisen, net iwwert d' Thema Aktivéieren diskutéieren, also géing ech dech, an all déi aner, bieden dat ze respektéieren
__________________ 404 - Not found
|
|
25.06.2011 00:10 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Moien Johny,
Ma jo, ech haalen mech dann un den "Code de l'Armee", deen seet an sengem Artikel 1:
Den Chef huet emmer Recht .
Den Artikel 2 seet:
Huet den Chef eng Kéier net Recht, dann trett automatesch Arikel 1 an Kraaft.
Neischt fier ongutt, ech ginn elo bei deem waarmen Wieder an d'Schwämm, do killt een oof.
Gunman
|
|
28.06.2011 13:27 |
|
|
Miisamm
Mitglied
Dabei seit: 22.02.2010
Beiträge: 40
|
|
Cool dat. Schmaacht deen dann och?
|
|
05.07.2011 12:40 |
|
|
|