AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
|
|
Moien alleguer,
Ech well mir muer 5d mk3 kafen. Et huet mech gefreet, dass den Präis an der lescht gefall ass, sou dass se elo "nëmmen" nach 2800€ kascht. Op der anerer Säit beonrouegt mech dat, well ech net weess, wei wäit den Präis nach weiderhin falen wärt. Ech weess, dass mir do keen eng richteg äntwert kann ginn, mee et giff mech trotzdem freeën, är Meenung ze héieren.
Wou mengt dir, wärt sech den Präis sech stabiliseiaren?
Spillt et Präislech eng Roll, op ech mir se virun oder no Chrëschtdag kafen?
Giff mech iwwer vill äntweren freeën, sou dass ech mir meng eegen "Wourecht" zesummenbastelen kann! :-)
|
|
13.12.2012 09:08 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
RE: 5d Mk3 Praisentwecklung |
|
Also eng Hëllef ass meng Äntwert net, mee aus eegener Erfahrung gëtt alles wat ech kafen duerno ëmmer méi bëlleg....Murphy's Law
Normalerweis gin dach verschidden elektronesch Artikelen fir déi Chrëschtdäg gären méi bëlleg ugebueden.....op do lo eng 5D dobäi ass ???
Einfach mol bekannten Internetsäiten duerchkucken oder an op auslänneschen Fotosäiten kucken op do schon esou eng Emfro eraus ass.
|
|
13.12.2012 10:31 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zum Schlsus vum Joer hiewen sech all Präisser! Et ginn zwar och mol "special offers", mee seelen bei soueppes, well wee keeft engem schonn eng 5D MIII als Kado
Ech géif der uroden bis Enn Januar sou ze waarden, bis Präisser rëm bessi gefall sinn, an se dann einfach kafen. Se wärt éiweg ëmmer rëm méi belleg ginn, an du wëlls awer Fotoen maachen. Déi Zäit wou s de se nach net hues spuerts de zwar Suen mee och Fotoen
__________________ 404 - Not found
|
|
13.12.2012 11:09 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
@ McQueen: Hunn mech schonn am Internet ëmkuckt mä hunn do net ganz vill dozou fonnt.
@Johny: Mee et ass eben genau dat, wat mech veronséchert. Den Präis ass nämlech schonn een gutt Stéck gefall, an dat virun Chrëschtdag.
Well mir zum Beispill och RX100 vun Sony kafen, an do sinn ech mir zimlech sécher, dass déi nom Chrëschtdagsgeschäft am Präis falen wärt, vue dass do den Präis den Moment ganz stabil ass.
|
|
13.12.2012 13:22 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Also immens Deiw wärt den 5D Mk III net Fallen, dofir ass den Boiter nach emmer ze ''NEI'' zummols elo wou den 6D um Marché ass den Esh geschter schon em 1850 € gesin hun, an Esh gleewen kaum dass Canon elo nach wärt mam Prais erof goen, well sei giefen sech hier egen Produien an Konkurenz selwer setzen wat kann dozou feieren dass 6D leien bleiwen an halt Speider leiwer op en 5D mk III zougegraff get...
Froh stellt sech elo och wat awards Du dier wieen Prais ? Wann Esh eppes geleirt hun am Kaaf vun Fotosgeschierr dann asset, dass een Qualiteit emmer mei Deier bezielt, an dass en do an Realiteit och nie vill aspeuren kann, ob dat bei Groussen Lensen ass oder ewei bei Profigeschir ewei dem 5DmkIII.
Am Ufankl wou den 5Dmk II eraus komm wor, do lung de Prais och no bei den 3.000 €, an et heut Joeren gedauert bissen ob en Tiefprais vun 1.750 € gefaal ass..
|
|
13.12.2012 14:13 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
Also ech hoffen du behäls Recht! Majo wou ech se kafen, ass se den Moment fir 2819 ze kréien an sinn mat deem Präis averstan! Vun dohier erwaarden ech mir do naicht méi, mä giff mech iergeren, wann se am Januar elo nach bis op 2500€ erofgoen sollt. Mee ech hoffen dann alt mol, dass se sech bäi 2800€ stabiliséiert!
|
|
13.12.2012 14:29 |
|
|
Knipser
Jungspund
Dabei seit: 11.07.2006
Beiträge: 17
|
|
Also ech bewonneren déi Leit, déi et färdeg brengen ze warden bis de Preis méi interessant get. Ech packen mech do net, an ech fréen mech och fier esou fréi ewéi méglech mat dem neien Geschier laszeléen. Ech fannen all Dag wo een kann dovun profitéeren as och Geld wert. An et berouegt meng Nerven, weil deen Stress deen ech hät mam warden, net ze bezouelen. Awer all Geck as anescht. Jiddenfalls profitéier vun der Fierfreed, MK 3 as einfach nemmem Genial.
|
|
13.12.2012 20:45 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Ech hu meng virun engem Mount fir 2666€ kaaf.
Entretemps ass se bei dem Händler fir 2595€ ze kreihen
Ech war am Ufank och bëssi skeptesch bei dem Händler, et huet awer alles geklappt gehaat. Ech sin nach emmer skeptesch,.... mais bis lo leeft alles 1A
Wanns de kanns waard bis Mett Januar, ech denken daat ass wierklech de beschte Moment fir zouzeschloen, wanns de net kanns waarden dann greif lo direkt zou, well egal obs de herno 100€ mei oder manner ausgin hues, den Apparat ass einfach gäil!
|
|
13.12.2012 23:17 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
Also eicht mol Merci fir är Ureegungen.
Wollt Bescheed soen, dass ech mir se kaf hunn, sou dass ech an der Chrëschtvakanz spillen kann! :-)
|
|
15.12.2012 08:04 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
finalement richteg Dezisioun
Vill Spass!
|
|
15.12.2012 16:49 |
|
|
|