wuff
Jungspund
Dabei seit: 08.02.2010
Beiträge: 16
|
|
Salut alleguer!
Ech hunn iwwert d'Unschaafung vun engem Teleobjektiv fir mäin Canon Apparat (Vollformat an 1,3 Crop) nogeduecht mat mindestens 300mm Brennwäit fir en puer Déieren knipsen ze kënnen.
Lo stellen sech fir mech awer folgend Froen.
1. Wéi ass et mat der Handhabung vun esou engem Objektiv? Ech wollt et haaptsächlech fräihänneg benotzen. Ass dat iwwerhaapt méiglech mat esou enger Brennwäit ouni ze verwackelen?an vum Gewiicht hier?
2. Zoom oder Fest Brennwäit? Zoom ass zwar méi flexibel awer net esou gutt vun der Bildqualitéit. Huet do een vun iech Erfahrungen Gesammelt?
3. Ass et sënnvoll en Telekonverter ze benotzen? Domadder wier ech en bëssen méi flexibel bei enger Festbrennwäit.
Merci fir ären Kommentar.
|
|
06.04.2013 20:41 |
|
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Salut Wuff,
Dat mat den Teleobjektiven ass eng Philosophie vir sech an mwngen Aen an deels ofhängeg mat weiengem Apparat (Crop oder Vollformat ) wat fotografeierwn wells...
Freihänneg do baste bei Canon schon eichter un da richteger Adresse ewei bei Nikon, mee preislech am Moment net esou flott ewei bei Nikon am Moment ...
Ma ganz Interessant vir Freihand ze fotografeieren ass den 300 mm l is Usm ii vun Canon, deen immens licht ass mat sengen 2,3 kg, an immens Flexibel ass wat Konverteren ungeht, an och schon immens ordentlech ass mat engem Crop vun 1,3 ewei bei denger 1DmkIv, awa an mengen Aen ze keurz um 1Dx oder 5d ass..
Mat dem Objektiv, kanste Freihand knippsen, den Stabilisator ass hei immeens helefreich wellen bis zu 4 blenden kompenseiert an da Belichtungszeit, wat da alabt op engem 1/60 -1/100 freihand scharf biller alabt ze machen.. ( Bon alles heut och seng Limiten weul verstannen )
Esh wees net waste dommader wels machen, mee wann Vulenfotografie dain Ziel ass dann, soen Ech da eierlech kaaf bei deenen Objektiver direkt dat Richtegt an staat zweemol ze kaafen..
Den 500er f4 ass licht (2.8 kg ) konverterfrendlech (1.4 baste op 700 um Fullframe, oder op dausen mam x2 ) wat Interessant ass vir kleng Sangvullen oder Meessen ze fotografeieren...
E Zoom ass kloer mei Flexibel awa Qulitativ net ze vergelichen mat den FB-weiten ewei en 300er 2.8, oder e 600er f4..
Festbrennweiten sen 100% Konvertauglech, zumols mat da lechter Serie III vun de Konverteren vun Canon, an dat ameigelcht engem insgesamt 3 verschieden Brennweiten ze bestezen mat enger Festbrennweit...
Kuck da Bildgalerien un vum Schluck, TC oder meng mol un, do sin die Festbrennweiten zimmlech oft mat de Konvertern am Asatzt.
Hoffen konnt da e bessen weider helefen.
MbG.
Gianni
|
|
07.04.2013 01:21 |
|
|
|
wuff
Jungspund
Dabei seit: 08.02.2010
Beiträge: 16
Themenstarter
|
|
Jo daat huet schon gutt gehollef fir Méng Décisioun. Well ech net onbedingt kléng fillercher domat well knippsen schéint mir daat 300er déi richteg Wahl ze sinn.
Ech hat och nachun den 400mm 4.0 geduercht awer daat as schon säit 2001 um Marché an get anscheinend och geschwënn ersaat. Auserdeem as d'Bildqualitéit nët esou gutt.
|
|
17.04.2013 20:05 |
|
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Mam 300 f/2.8 II mëss de bestëmmt keen Fehler .. ass een Top Objectiv, immens Liicht an Handlech an schaft gutt mat den Konverterën. Den eenzegen Nodeel ass dat grousst Lach am Portemonnaie ;-)
|
|
25.04.2013 10:56 |
|
|
|
|
|