Flott Opnahm, dei Vignetteierung uewen gefällt mer ganz gudd, ech hun en ähnlechen Cadrage engkeier nuets gehaat, mee wei gesot nemmen ähnlech. Ech haat och manner brennweit
Et ass awer emmer een, deen nach nei Perspektiven fennt! Daat mecht ee gudde Fotograf aus Secher, dem zipper seng Foto ass denger ähnlech, ma du hues flott mat der (neier) Brennwäit a mat der Liichtstemmung gespillt an eng gudd Foto matheem bruecht
Jo, mettlerweil denken ech daat och, wann ech all di verschidden Fotoen gesinn (et hänkt jo och vill vum Liicht oof)! Ech stung nach ni wierklech op däer Plaatz, si bislo just mam Auto/Bus laanschtgefuer, ma ech denken et ass derwäert engkeier mam Fotoapparat do laanschtzekommen!