Merci Jeanny
Hätt nach kënnen méi laang beliichten, dann wieren nach méi Stären drop komm. Stoung allerdengs op enger Bréck an déi huet zimlech vibréiert all Kéier wou en Bus komm ass.
Deng Foto gefällt mer ganz gudd, mee sin daat do /- d'Originalfuerwen ? Daat erënnert mech méi un Disneyland, wéi un en Industriebetrieb; do gefällt mer Uckange awer dann besser, och wann daat méi kleng ass
Imposant d'Völklinger Hütt wann se belicht ass Alex, ganz gudden Ausschnet. Fier méi Stären drop ze kréien, gät et warscheinlech net duer fier just méi lang ze belichten, ech denken déi Belichtung vun der Schmelz déi lo nach farweg ass get dan weiss. D'Léisung missten 2 Opnahmen sin: eng méi lang (wéins dem Himmel) eng kuuz fir net ze vill Iwwerstrahlungen ze kréien, an am Photosprogram verschmolt, et ass emol esou eng Idi.
Merci René. Den Problem op där do Plaatz ass just, dass de mol nët gudd eng laang Opnahm kanns maachen (géif ech mengen). Ech hun dës Foto vun der Bréck aus gemaach. Bei Traffik an haaptsächlech wann Bussen driwer fueren, wackelt déi ganz Affaire. Ech hun ëmmer nëmmen soulaang beliicht wéi keng Autoen an Bussen komm sin