De Boss war do op alle Fall nach geféierléch. Ob en et am TdF och nach war, schwéier ze soen, well wat hätt hie gemaach, wann en am Ufank net sou vill Zäit verluer hätt???
Tjo... do hues du nawell Recht!
"Was wäre wenn ?".... ech mengen mier fannen et nie méi eraus.
Egal waat een vum Lance hällt, opp positiv oder negativ ( hun déi meecht Opdeckungsdopingbiicher iwert den Lance gelies), en huet einfach eng Ausstrahlung am Peloton wéi keen zweeten!
Daat gesaiss de och hei opp der Photo: Al Fuerer do am Gruppe denk : "Mol kucken waat den L.A. hei am Bierg mescht." An den Frank hänkt sech direkt an sein Rad.
Ech hun dest Joer am TdL Fotoe gemaach um Napoleonsgaard an um Kimm, déi ech awer, sou wéi et ausgesäit, hei nach net gewisen hun. Ech misst déi dann eemol sichen a mar hei weisen. Do ass de Lance och drop. An di aaner a séngem Rad. Sou wi wann se hien em Rot géinge froen.
Maja ! Sin mol ganz gespannt! ... Mee ech mengen als "Sportsfotografen" (bloody beginner) huet een hei een schwéieren Stand. Déi meescht knipsen hei dach léiwer "No-Sportsbiller".