...also de roude mat de wäisse Punkten kënnen ech esou guer. Mee fir de Rescht...effektiv...fro mech léiwer nët bei Pilzen , daat kéint mol schief ausgoën
Ah! Deen hues du gemengt. Ech hat elo un de Stinkmorchel geduecht: Phallus impudicus.
Iwwregens: Et ass ménger Mamm hire Pilzkenntnisser ze verdanken, datt ech nach di Fotoen hei ka weisen, soss wier ech scho virun bal 40 Joer de Wee an d'Jenseits gaangen. Méng Bomi hat eis nämléch fir z'iessen invitéiert an dofir war se hannert hirt Haus an d'Wiss "Champignone" sammelen. Ee Gléck, datt se se nach net an d^Paan gemaach hat, wi mir bei si koumen, well do huet méng Mamm gesin, datt di "Champignonen" wäiss Lamellen an sou ee charakteristesche Fouss haten. Do hat méng Bomi dach net Amanita virosa gesammelt.
Ech mengen, beim Italiener brauchs du net opzepassen, dee wëllt jo bestëmmt net, datt séng Clienten nëmmen eemol bei hien iesse kommen. Well soss sin him irgendwann d'Clieneten all ausgaangen....