hm...interessant Déiftenonschärft fir eng 5.6er Blend - mee vum Motiv hier muss ech soen, as et déi Foto déi zwar hai JIDFEREEN an der Galerie huet, mee dei wierklech keen interesseiert wann en net grad Hondsrassenspezialist ass...
Technech okay, mee wanns de eppes anecht geknipst häss, hätt ech och eppes derzou soen keinten.........
Du hues jo lo eppes dozou gesoot Mir huet se gudd gefall wéinst der Luucht an ween se nët intresséiert brauch se jo nët ze kucken ... ech probéieren mech halt dem allgemengen Niveau héi unzepassen wëll ob déi gutt Fotoën kritt en jo och keen anstäenegen Feedback méi.
Gutt dass de dat grad geschriwwen hues, well ech wollt lo schonn dozou soen dass du géifs soen dass den Niveau rofgaang ass an dann lueds de soueng Foto rop ... (net ze béiss huelen, se ass net schlecht, mä jo, mengen du weess et selwer )
Hey cool ... ech lueden lo just nach Schrott erop .. do kriss de héi wëll déi meschten Kommentaren An virun allem konstruktiv Kritik! wëll doreems geet et jo héi!
Bei der héi zb. d' Blend nach ee bëssen méi zou wëll d'Nues ass nët ganz scharf ... iwwerall kann een ee Bild nach verbesseren, resp. eng anner Sichtweis, Kadrage virschloën ... wann ët lo ee schéint Frammënsch gewierscht wier anstatt een Hausdéierwier den Feedback bestëmmt och een anneren gewiercht
Ech mengen deng aner Fotoen. Du hues hei quasi selwer geschriwwen dass de se net ganz gutt fenns, d.h. fir mech weess de genee wat falsch ass an brauch der et net méi ze erklären. an du weis hei jo dass ech genee Recht hat domat Dat mam Framensch stëmmt natielerlech (leider)
Dach ... bien au contraire, ech fannen se flott, soss hät ech se nët héi gewissen, d'Luucht an den Moment, den Bléck, den doucen Bokeh fannen echherrlech .. dat mat der Blend muss ech mer jo selwer schréiwen.
Salut,
Also ech sinn jo elo schons laang hei, an ech hun baal all deng Photoen déis Du erop gelueden hues gesinn, zu 99 % TOP Photoen !
Du brauchs keng konstruktiv Kritik méi hei op desem Site, well Du wees genau waat eng gutt Photo muss hun fier dass se "gutt" ass.
D'Photo vum Hond fannen ech och gutt, obschons se net zu dengen "beschten" gehéiert, mais daat ass jo egal.
Esou Leit wéis Du, daat missten eigentlech déi Leit sin, déi déi Useren, déi hei no der allgemeng begréisster Aennerong, egal waat erop lueden, mat "konstruktiver Kritik" e bessen an d'Realitéit zereckhuelen géifen.
Net un den allgemengen Niveau upassen wéis Du schreiws, mais
"tacheless" schwätzen, daat mengen ech ass et e bessen woudrun et an der lescht hei fehlt...
Gudden Rutsch an d'Joer 2013 (och fier all aaner User vun Photogen)
Ginn der zu 100% recht .. mais wat mir obgefall ass .. ech hunn héi vill an oft probéiert den Léit weiderzehëllefen mais wat een dann och mierkt ass dass een sech dobéi ëmmer méi Feinden mëscht an ëmmer manner Feedback kritt.
Meng Biller sinn och nach laang nët perfekt .. an sollen ët och nët sinn. Ech hëllefen gaeren weider, mais nët jiddereen wëll sech eben hëllefen loosen an wann's de bis ee puer mol ëmgerappt ginn bass hues de halt och ob emol keng Loscht méi.
Freet mech, dass Du mat menger "Analys" d'accord bass. Ech ginn dir och vollkommen Recht wanns du schreiws, dass een sech hautdesdaages mat Kritik un der Arbecht vun enger Persoun méi oft keng Frenn mecht, wéi dass d'Leit daat akzeptéieren. Ech mengen daat ass en Problem an onser Gesellschaft, an an den Schoulen geseis Du daat jo och (an do geet et un). Wann een fréier eng Datz kruut, dann huet een sech geschumt, an den Fehler bei sech selwer gesicht, haut ass et dem Schoulmeeschter seng Schold, dem System seng, dem Wieder seng oder ech wees net waat nach...
Trotz allem sin awer och nach hei um Site Leit déi eng Kritik unhuelen, och wann déi emol e bessen scharf formuléiert ass, daat sinn dann menger Meenung no och déi Leit, déi en Notzen aus der Kritik zéien an duerno besser Biller ofliweren. Jiddenfalls kennen ech der e puer hei um Site (ech well keng Nimm nennen), denen hir Photoen am Ufank wierklech net gutt woren, an déi haut top Photoen hei eroplueden !
Sou, ech mengen mir zwee sin ons eens, an ech hoffen Du bleiws ons mat dengen Photoen hei erhaalen, well ech selwer huelen mir se als Beispill fier eppes ze léieren.
Gunman
Fir mech ass et e Portrait, deen usprécht, grad wëll en technësch gutt ass (Cadrage, ofgesaatenen HG, Schäerft...) a wéinst dem Mupp séngen treien Aen, der Wäermt am Bild...