All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 10.09.2022
Gekuckt: 8806
Favoriten: 0
Kommentarer: 2
Originaldatum:
Fotoapparat: Nikon FM2
Objektiv: Nikkor AI 35mm 1:2
Kommentar vum Fotograf:
Alt neess een Experiment vu mir:
Ech krut bei engem Internet-Analogphotografie-Forum, wou ech Member sin, a wou mir all 2 Méint een Iwwerraschungsfilm geschéckt kréie, verbonne mat engem "Défi", am August ee "Washi A". Dat ass een Extrem héichkontrastéierte Film, deen eigentléch nit geduecht ass, fir "normal" Fotoen domaader ze maachen, mais deen am Kino geholl gëtt als Virspann oder fir Ënnertitelen. En huet eng Empfindléchkeet vun 12 ISO an séng Latitude ass nit ganz grouss. Ech hat dee mat an d'Vakanz op Saint-Malo, wou ech bei deenen typesche bretonesche Wiederkonditiounen, nawell richteg Erausfuerderungen hat a puncto Beliichtungsmiessung an Zäit. Hei sin dräi Fotoen, déi ech um Mont-Saint-Michel gemaach hu, wou d'Wieder nawell zimmléch duerchwues war. E bëssen hun ech schon am Lightroom nobeliicht, awer och do kann ee keng Wonner wierken. Deemno sin di Fotoen hei zimmléch dat, wat d'Negativer an de Scan mam SilverFast 9 SE hiergin hun.
|
|
Neisten Benotzer:
nazaretalaragonAm Ganzen:
3728 keen Benotzer an
537 Gäscht online