Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Nicon07

Derbäi säit dem 31.01.2006
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Nikon
  • Schafft mat der vun bis (DSLR)
  • Fotograféiert mat mol méi mol manner
  • Nach gehéiert him:
    vill Analoges
Concours Resultater
2. Plaz
3. Plaz
Foto vun der Woch Resultater
A séngem Element
Taubenschwänzchen an Aktioun
De Phare du Four
Porto in the evening
An nach 10 aner Wochefotoen
Neist Fotoen
     
patty 29.04.2006 - 09:55
moien, also ech hun dain scheinen Wallpaper grad gekukt also en wier nach mei schein wann dei kleng meck net do wier!!! oder wuar dei gewollt?
Nicon07 17.06.2006 - 08:00
Merci fir däi Kompliment. Jo di Méck! Ech hat net dru geduëcht, datt déi op engem Wallpaper kélnt den Effekt vun enger richteger maachen. Da muss een se einfach mat engem icon "futtiklappen"bigsmile.
Focus 11.05.2006 - 23:24
Deng Biller an déng Comments hun Kapp a Fouss!! Eng bereicherung um Site. THX
Nicon07 17.06.2006 - 08:03
Merci gläichfalls.
elmuzo 14.05.2006 - 22:05
Hey hei, een perséinlechen Merci fir deng sellech géschträich Comments, iwerall an och bei mär, wou se hellefen. Wann ech esou iwert däin Gesamtwierk hei um Site kucken (sin der zua nach net esou vill wéi beim Focus, mee emmerhin) da soen ech mer, Respekt, eng beachtlech, beandrockend Kollektioun an emmer weider esou.
Nicon07 17.06.2006 - 08:09
Dat do mécht méch awer frou, esou eppes ze liësen. Ech mierke jo awer och, datt bei deenen, deenen ech ee "géschträiche Comment" geschriwwen hun, Fortschrëtter ze verzeechne sin. A wa meng Remarquen do nëmmen zu 0,5% bäigedroën hun oder de Kreatiounsprozess beim destinataire ugekuurbelt hun, da sin ech frou doriwwer. Free méch och op déng zukünfteg Bäitreech. Merci
Mojoo 23.05.2006 - 19:13
Ech muss Dech elo mol fir deng super Wallpaperen luerwen!!

Se sin alleguerten super ze gebrauchen, gudd Qualitéit mat vill Méih an Aarbescht. smile
Nicon07 17.06.2006 - 08:17
Merci. Vill Arbécht? Eigentléch net. Et as jo eppes, wat mer Spaass mécht. Do as d'Arbécht net ze quantifizéieren. Ze gebrauchen? Ech denke wuël, datt se ze gebrauche sin, et si jo Wallpaperen. Si mussen all bei mir duerch den Test: ech setzen se selwer op mäin écran fir e puer Deeg, an da loossen ech méch iwwerraschen, wéi déi aaner, di de Computer benotzen drop reagéieren. Wann dann do d'Begeeschterung iwwert een neien Hannergrond zum Ausdrock kéint, da get en dem Johny viirgeschloen; wann et heescht: wat as dat do da vir eppes Kitscheches oder sou, da verschwënnt en am bin. E Wallpaper muss jo agrabel am Hannergrond sin, ouni datt de user d'icons aus den Aaë verléiert, e muss op Mac an op PC ze gebrauche sin an soll de Computeruser entstressen.
lynnchn 30.05.2006 - 18:53
majo mat menga foddo meng benglen leien um buadem mee dee fleck ass express
hehe ok bis dan cucu
Nicon07 17.06.2006 - 08:22
Ech huële jo un, wanns du sou bengelen huës, dann as och eng Trom net wäit. Dann as et gudd, datts du d'Bengelen op de Buëdem geluëcht huës an net bei d'Trom gehäit. ;o)))

Obelix 21.06.2006 - 20:05
na, das freut mich, dass ich deinen geschmack getroffen habesmile)))
merci
paikea 18.08.2006 - 10:16
Moien Nicon,
merci fir dein comment! Waat deng Foto ubelaangt: et war mer schon bewosst, dass et en scan ass... duert awer et wier en Scan vum Negativ gewiercht (dei sin et nämlech schon 2001 gin)! smile anyway... ech freen mech dann op zukünfteg philosophesch diskussionen an konstruktiv Betruechtung vun grandiosen Fotoen smile
Nicon07 19.08.2006 - 11:00
Dat waert bestëmmt de Fall sin.
spako 24.08.2006 - 16:14
Majo ech wollt einfach just emol eng Keier hei hinner schreiwen dat ech deng Biller, virun allem deng Landschaften a super Wolleke, wiierklech immens schei fannen an mech net ka saat dru kucken smile
Ech free mech all Keiers erem ob nei Biller vun dir!
Nicon07 08.09.2006 - 09:19
Merci fir déng Encouragementer. Ech hun zwar elo besse probéiert, vun den s/W-Landschafte lasszekommen, mais ech weess net esou richteg, ob deen aaneren Nicon07 esou richteg ukënnt. Loosse mer mol kucken.
elmuzo 02.10.2006 - 15:16
,
JADE 22.10.2006 - 13:54
sniff, sniff ..... MMMMMMMMiam, miaMMMMMMMM ...

... ass nach eppes iwreg vun der Bolognääääse? ...

déi ass esou eppes vun super schaarf (d'Foto!), an ganz gutt cadréiert, dem Model seng Pose ass och zimmlech ausdrécksvoll ... an d'Luucht riets, déi huet och esou eppes vun ... "Anliichtung" ... closed_eye
Nicon07 22.10.2006 - 13:57
Jo hei uëwe kann een di scharf Foto dann elo als méng nei Userfoto gesin. Et as keng extra Beliichtung, ganz klassesch de Blëtz um Apparat op rear agestallt an d'Luuchte vun der Hotte, déi séch hannen un der Glasplak reflektéieren.
Iwregens as näischt mi vun der Bollo do, an déi war och scharf, ech maachen ëmmer eng Drëtongueps Chillipeppersauce dran. Ouni geet dat net.
elmuzo 23.10.2006 - 21:14
Hehe, de Nico kacht an get eis näischt dovun mat ... ausser engem Androck an e Bild vun engem gudden Geroch ... tja.
Nicon07 23.10.2006 - 21:18
Virwat mengs du datt ech esou ütonguepeg em de Bauch sin?
elmuzo 23.10.2006 - 21:22
Ma merci gläichfalls closed_eye
JADE 24.10.2006 - 22:42
hey, hey ..... dann muss du jo elo den Johny froen fir däin Nickname ze änneren ... smile)

"Nicon08" ... hmmmm ... jo, jo ... kléngt an gesäit och gutt aus ... closed_eye))

an? ... bass du zefridden?
Nicon07 24.10.2006 - 22:50
Ech si ganz zefridden. Kuck mol bei eenzelne vu ménge läschte Fotoën an den Exif-Donneeën. Mais Nicon08 as awer net esou dat. Wann ech änneren, dann uerdentléch, also bleiwen ech deen aalen.
kanufla 17.11.2006 - 22:41
Bonjour Nicon07!
MAjo hun elo mol eng Foto eropgelueden smile dann kanns de ma jo soen op ët den richtegen Plag wor sëch hei anzeschreiwen smile zur Nout wärt ech dann einfa na en treien Kommentschreiwer bleiwen smile!Si as zwa na nët trop mee bon hoffen si gët iwerhaapt ugeholl...hihi...majo freen mech dann och mol op en Comment denger Saits smile
Bis dann , Anaïs
kanufla 18.11.2006 - 23:07
na eng kleng fro?wou bas du dann enseignant??
Nicon07 18.11.2006 - 23:08
Am LTPS.
kanufla 18.11.2006 - 23:10
hmm kennen ech mol net =/ opschiddefall dann net bei mir smile (LMRL)
JADE 06.12.2006 - 00:15
... also ... hëmmm ... hëmmm ... :

léééééiwen Niiiico(n07) ... guuuuudden Niiiico(n07)
bréng ons Fotoeeeen ... allerhand ...
fir ze kuckckckcken ...
fir ze laaaaaachen ...
an deem schéinen ... PééééééGéééééé-Land ...
...
...
...

HAPPY ... HAPPY ... Namensdaag ... Nico !!!
Nicon07 06.12.2006 - 08:03
O je! As dat ee Programm?! Merci!
kanufla 06.12.2006 - 18:35
vill Gleck fir dain Namensdaag!!!anaïs smile
Nicon07 06.12.2006 - 18:37
Merci! Dat as léif vun dir, datts du mir wënschs.
matahari 13.12.2006 - 11:15
merci Nicon07, freet mech deng Begreissung!
hun eng aaner Foto refuséiert kritt, unhappy dann muss ech eben mech besser drun gin
deng Galerie ass schéin voll gesin ech, an mat ganz villen flott Fotoen dran
ech huelen mir dann een Beispill un dir, obwuel daat ganz ganz schweier wert gin
Nicon07 13.12.2006 - 11:27
Merci, mais sou schwéier as dat awer net, fir gudd Fotoën ze maachen. Du bréngs dat och färdech. A wanns du dir u mir ee Beispill wëlls huëlen, dann dat hei: ganz vill Fotoë maachen, an der ganz wéineg dervun zréckbehaalen. Wann et méigléch as, ee Motiv emmer an emmer rem aus alle méigléche Positioune fotograféieren, an dann déi bescht dervun aussortéieren. Zanter mir digital fotograféieren, geet dat jo net méi sou an d'Käschten.
patty 31.01.2007 - 20:16
closed_eye du och schon 1 joer online bigsmile
happy photogen smile loool
Nicon07 31.01.2007 - 20:17
du och? Majoo dann, Dat selwécht fir déch dann och.
patty 31.01.2007 - 20:31
nee ass shon puer deeg hier merci awer
Nicon07 31.01.2007 - 20:33
Ech hu lo grad gesin. Sou laang as dat och alt erem net hir. Op alle fall kann een dir nach wënschen.
Treverer 03.02.2007 - 20:53
danke für deine netten wortspielenden Kommentare smile
Nicon07 03.02.2007 - 21:08
Danke für deine exklusiven Fotos. Ich kann mich nicht satt daran sehen. Und sie inspirieren mich, mal etwas Neues zu versuchen.
Soulwax 13.02.2007 - 22:11
ma tiptop .. sou saachen heiert een emmer gear smile merci closed_eye
an sin gespaant op dein zweeten versuch mat der banan tongue
kanufla 21.02.2007 - 19:51
hello
aaalllllssssooo: desen freiden 23.02.07 um 21h as SINGSTAROWENT!! am Bus um Sk8park zu Diddeleng
elmuzo 15.03.2007 - 18:18
Hellou Nico, hehe, hues de Fréihjoërsbotz gemaach...
Nicon07 15.03.2007 - 18:48
Sou kéint een dat nenne, jop! Et war Zäit gin.
JADE 17.03.2007 - 21:11
LOLLL ...

... an beim Nico senger grousser Botz-Aktioun hun ech (an aanerer och!) direkt gläichzäiteg iwert 200 Comments ... matt "oofgespeckt" ... smile)))
Nicon07 17.03.2007 - 21:27
Dat nennt een eng Rosskur, hhhhühühü
JADE 21.03.2007 - 18:57
tjooooo ... vun elo un seet däin Dokter ...

dîtes ... quarante-quatre ... 44 ... quarante-quatre ... 44 ...

closed_eye)))))

an ech soen dir haut ...


HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUU
HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUU

HAPPY HAPPYYYYYYY
HAPPY HAPPYYYYYYY

HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUUU ... NICOOOOOOOOOOOO !!!!!

Nicon07 21.03.2007 - 19:48
Firwat dann dÎtes? dites geet dach méi wi duer. Oder as den ^den *Bonnet", datt ech de Kapp nett erkaale, bei deem fréijohsméisseche Wiëder? LMF

Merci, Jade, fir déng léif Gléckwënsch, an dem Charel uëwendrun natiirléch och!
JADE 21.03.2007 - 20:24
ma ... euhmmm ... ech wollt dech am Fong geholl testen ...
op's du nach ëmmer op Zack wiers ...
oder ...
op den Altenheimer schon un der Dier géing klappen


kanns berouegt sin ... an ech matt ...
deng Synapsen (an deng Aan och) funktionnéieren nach ganz gutt ... fir den Moment ... hihi ... smile))

soooo Nico ... nennt een daat elo vun mir ... eng schlecht Liewer hun ??

pFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFFF ... hrhrhrhr ...
Nicon07 21.03.2007 - 20:27
Stell mi liicht Froen! closed_eye)
CHAREL 21.03.2007 - 19:28
Asou, majo dan vun mier och vill Glecksmile
Nicon07 22.03.2007 - 21:41
Merci Charel!
elmuzo 21.03.2007 - 20:33
Oh hei, di allerhäerzlechst Gléckwensch fir deng Schnapszuel ee däin Gebuertsdag, hei vun Remeleng.
Nicon07 21.03.2007 - 20:53
Merci Marc, datts du méch net géings vergiësse, war gewosst.
Rolacro 24.03.2007 - 15:14
Salut! Majo, ech wollt dir dann och mol (bessi speit...) herzlech gleckswënsch an alles guddes zum gebuertsdaag! an weiderhinn och vill spaas hei...
Nicon07 24.03.2007 - 16:02
Merci villmols.
Kwitchibo 04.04.2007 - 21:39
ohhh leiwer speit ewei NIE
HAPPY BIRTHDAY NICO!!!!!vun ganzen häerzen!!!!

MARC
Nicon07 04.04.2007 - 21:44
Merci Marc! Da muss ech mir elo och däi GBDat ukucken,.... wann en dann op dénger usaersäit verrode get. Vill, villmols Merci.
Olivier 14.04.2007 - 16:24
HUst... haat ech dir na net gewenscht... tze tze tze... dann meckerenech mol besen mam olli dono closed_eye

Happy B-Day wenschen ech der!!!

Olli closed_eye
Nicon07 14.04.2007 - 17:09
Merciiiiiiii, Olliiiiiii! smile)))
JADE 12.05.2007 - 19:54
hohooooo ... nice Profilfoto ...
jo, jo, jo ... d'Zeitungen fir sech derhannert ze verstoppen, déi hun eppes un sech ... closed_eye))))
Nicon07 12.05.2007 - 20:21
Dat as keng Zeitung, Jade! Dat as ee Portfolio mat Biller vum Ansel Adams an op der Foto hannendrop as de Meeschter himself.
JADE 12.05.2007 - 22:05
Mäin léiwen Nicon07 ...
meng Aan gin esou just nach duer fir ze erkennen, dass du dech nët hannert engem Sandwich verstopps ...
an, dass däin Brëll versicht sech selbststänneg ze machen ... fir op déi aaner Säit vum Kapp luussen ze goen ...

awer fir Detailler ... do geet ët schon nët méi graad duer ... unhappy
kalivero 13.05.2007 - 21:08
deng lieblingsfoto gefällt mer och immens cool einfach neme leif
Kwitchibo 21.05.2007 - 19:04
Kwitchibo's Team Contest

http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=6...

kuke goen an matmaan !!!merci
elmuzo 25.10.2007 - 17:36
Hehe, den Nico huet erem Hieschtbotz gemaach. Ech mengen ech gin mer och emol mäin Botzgeschiir sichen.
CU
MUZ
OK-Photography 02.02.2008 - 13:31
here we go:
aktuell Wiedermeldung,
Kiischpelt, Sa 2.2.08, 13:28
t°: 12Grad am moment, minimum war -2
Himmel: puer Wolekken, blo, iwerwiigend sonnech!
Budem: gring, amfong dreschen, am Schied na bessi Raif iwresch...(an ech sen gescht op eng eischt Schneiglökkelschönn gestous...)

hmmmmmm....also daat mam Schnei war wuel GUER NAISCHT...cool
as awa lo perfekt wieder fier na bessi mat mengm Macro raus spillen ze goen!cool

fG
Oli closed_eye
JADE 22.03.2008 - 11:51
hei dann awer och

45 déckesch Bisen ...

kkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkkk

vill Gléck am Neijoer !!
kanufla 03.04.2008 - 12:56
hello wollt mol deem next zesummen nammen goen bigsmile eng keier owes ...kuken grad mol mam jade a knolles weini vlait e guddn datum wir!hues du vlait eng propose?wou?weini? an waat?
ech haat un chineeseg geduecht smile zu alzeng as e guddn closed_eye
kanufla 03.04.2008 - 16:09
wei wir et mat nächstem freiden 11.04??
kanufla 04.04.2008 - 10:40
Also mir haale mol den freiden 11.4.08 fest smile so just vlait bescheed closed_eye
mat geet bis elo den yoshi, d'annemie, JADE, Jefferson,kwitchibo (normalerwais), black panther, focus, arwa (vlait), spako, Marc Gerard smile
OK-Photography 03.06.2008 - 15:37
see -Iislekk Meeting- @ Forum closed_eye closed_eye
oder mäll dech einfa enka iwat PMS...LO hunsch neemlech Zekt...;o)
OK-Photography 25.06.2008 - 14:12
have a look at the meetings! smile
cu? ;o)
OK-Photography 08.07.2008 - 16:28
hey! smile
haasde meng PM kritt? ;o)
Kiichiii 05.07.2008 - 09:25
Hallo gei mol den lagerfeuermeeting kuckensmile
Polinger 15.07.2008 - 19:36
grazie fier dei vill tipper bigsmile wees daat ze schätzen an daat ass och daat génialt un deser säit: et kritt een ememr gehollef bigsmile an jo, falls de dein objektiv virun änn August nach solls verkaafen wellen... mell dech bei mer xD allé merci nach eng keier cool ciao
OK-Photography 06.03.2009 - 14:54
aaaah!eng Spammail!!muahahaha ;p
ok! *noted3 thanks fir dInfo! smile
duerno as main Kalenner na mei eidel.....closed_eye bis op dExamen dei IERGENDSWANN dann ona ufenkn (as awa mengnsch na mei speit...)
CU ! smile
Icro 31.08.2009 - 00:47
loool as dat gewollt dass main numm an da foto steet XD

Rico
Nicon07 31.08.2009 - 08:32
Eigentléch net!, ech hun déi Graffitien do an enger Unterführung vun irgend enger Gare gesin, an datt do och däin Numm dran ass, dat war mir mol guer net bewosst. smile


Nico
OK-Photography 12.01.2010 - 00:39
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.

Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.

Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php

Hoffentlech bis en Sonnden dann.
Kwitchibo 26.01.2010 - 01:15
Merci villmols fir den WoFo Fav
OK-Photography 15.09.2010 - 14:58
Heya smile

et get News:

Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.

Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.

Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)

fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!closed_eye
gtaddei1 08.12.2011 - 22:19
Hey merci fir de Fav ... bai der Fenster Arbed Foto
Nicon07 10.12.2011 - 09:49
Gär geschitt! Ech fannen déi Foto super, well sou villschichteg a "bedeutungsschwanger" ass. Et ass vill Poesie dran, an dat, fannen ech, ass bei quasi all dénge Fotoen de Fall. An dat fannen ech sou gudd dorunner.
gtaddei1 12.12.2011 - 11:22
Merci fir dén Kompliment
ClaudeR 26.12.2011 - 11:13
Salut Nico,
merci fir dein leiwen Kommentar op menger Sait. Jo, wollt och emol
e puer Fotoen an engem letzebuerger Forum astellen, et sinn jo bal
nemmen Fotoen iwert Letzebuerger Natur.
Bis demnächst
Claude
Maimonides 30.05.2012 - 22:43
Co.:

Eclosion...


Merci for de Fav, Nico.
Jeanny 02.06.2012 - 05:42
Merci Nico fir de Fav
Da maacht dat mol no.

LG Jeanny
Jeanny 15.06.2012 - 06:36
Villmools Merci Nico
Dank für einen Fasan

E schéine Weekend, Wierder soll jo gutt ginn
LG Jeanny
TC 13.11.2012 - 18:11
merci fir den Favorite beim Äisvull 2 smile
Nicon07 13.11.2012 - 18:54
Gär geschitt. Déi Foto ass et awer och derwärt, datt een se net aus den Ae verléiert.
JC1967 17.11.2012 - 15:02
Villmols Merci fir de Fav.
!Dës Foto ass net méi am System!
Nicon07 17.11.2012 - 19:46
Do hun ech a spezialiséierte Magaziner scho manner gudd Fotoe wéi déng hei op viischte Plaaze a Concourse gesin. Ech mengen, déng Serie hei huet Weltklass. Weider sou!
NikonD80 20.11.2012 - 21:23
Merci fir de Fav,
Lac du Der
Jeanny 07.02.2013 - 19:26
Villmools Merci fir de Fav. Nico
Meng eescht Kroun

LG Jeanny
gtaddei1 11.02.2013 - 00:31
Go your own way...

Merci! villmols
Me wou ass do daat Verbuedenen?
gi87 13.02.2013 - 22:05
Merci vir de Fav
!Dës Foto ass net méi am System!
TC 14.02.2013 - 18:14
merci fir däin Favorite smile
TC 03.03.2013 - 08:24
merci fir den favorite smile
Jeanny 09.03.2013 - 07:00
Merci fir de Fav. Nico.
Ech landen

wënschen dir e schéine Weekend, et soll jo erëm Schnei falenunhappy
LG Jeanny
Nicon07 09.03.2013 - 08:08
Oh jo, Jeanny. Schnéi ass eppes flottes.... am Dezember, Januar a mat Sonn a klenge Cumuluswollécken. Awer elo am Fréijoer.... unhappy

Gläichfalls fir de schéine WE.

BG Nico
obskur 26.03.2013 - 19:53
Villmols Merci vir den Fav.smile
!Dës Foto ass net méi am System!
NikonD80 29.03.2013 - 14:50
Merci fir de Fav smile
Moies
Jeanny 24.05.2013 - 19:31
Villmools Merci fir de Fav. Nico
Natur

Wënschen dir e schéinen a waarme Weekend.
LG Jeanny
Nicon07 24.05.2013 - 19:34
Merci, Jeanny. Da muss ech awer eng Decken huelen, fir dee warme WE. D'Sonn wärt wule kaum kommen...
Jeanny 25.05.2013 - 06:58
Yupiiiiii si schéngt dobaussensmile
OK-Photography 06.06.2013 - 16:24
Merci och fir den Favorit!! freet mech dass dei aal Archiv-Schanken och nach gefaalen! closed_eye

Crucible
TC 27.07.2013 - 18:31
merci fir den Favorit smile
Kleines Ochsenauge
obskur 20.01.2014 - 16:29
Merci villmols Nico vir de Fav. !Dës Foto ass net méi am System!
ornitho 14.07.2014 - 23:09
Merci vir de Fav smile

!Dës Foto ass net méi am System!
Conley 23.12.2014 - 19:50
Villmools Merci fir den Fav. Nicon07
TaT XL
Jeanny 15.01.2015 - 06:56
En decken Merci fir den Fav.
Mat Rahm an Zocker

LG Jeanny
Nicon07 22.07.2015 - 13:45
Merci fir de Link! Flott, flott! closed_eye
OK-Photography 26.07.2017 - 12:40
Merci Villmools vir den Favorit! closed_eye
Sand an Hiwwelen


*edit* - wattt? hei huet zenter 2015 keen méi geschriff!? sowas aber auch.......
Nicon07 26.07.2017 - 14:37
Jo, Oli, wat soll ee do soen? Net nëmmen hei schreift kee méi (außer e puer Onverbesserlécher, wéi's du an ech an nach e puer Leit vun der éischter Stonn) , mais och soss am "normale" Forum gin ech royalement ignoréiert zu 99% vun der Zäit. Entweder maachen ech sou schlecht Fotoen, datt kee séch traut eppes dozou ze soen (ROFL), oder awerech sin sou eng Sommitéit, datt et zu ménge perfekte Fotoen näischt ze soe gëtt.. nach eemol ROFL... Ech schreiwe jo awer och bei net bal engem eppes, sou datt séch dat an der Woschuel hält. closed_eye
Frëndschaftléch Fotografegréiss vum Nico
marker 05.01.2019 - 11:56
Merci villmols fir dëse Fav., Nico
Grimselpass


Mat beschte Gréiss,
Marc
Nicon07 05.01.2019 - 16:53
Ma gär geschitt!

Nico
marker 06.02.2019 - 11:40
Merci beaucoup fir de Fav., Nico
E puer Minusgraden


Mat beschte Gréiss,
Marc
marker 13.02.2019 - 11:42
Merci villmools Nico, fir dëse Fav.
Haupeschbaach *SW*


Bescht Gréiss,
Marc
marker 17.02.2019 - 10:17
E grousse Merci fir dëse Fav., Nico
D'Sonn..


Bescht Gréiss
Marc
marker 03.03.2019 - 11:11
Merci fir de Fav., Nico
D'Ënn..


Bescht Gréiss,
Marc
marker 05.03.2019 - 20:58
Merci villmools fir de Fav.,
Cascade


Bescht Gréiss,
Marc
marker 07.03.2019 - 10:38
Merci gesot fir dëse Fav., Nico
Christo & Jeanne-Claude


Bescht Gréiss,
Marc
marker 09.03.2019 - 12:07
Merci Nico fir dëse Fav.,
Le grand Dru


Bescht Gréiss,
Marc
marker 01.04.2019 - 00:06
Merci villmools fir de Fav., Nico
shrouded


Bescht Gréiss,
Marc
marker 01.04.2019 - 00:08
Merci villmools fir de Fav., Nico
Dos de Rollin


Bescht Gréiss,
Marc
marker 13.04.2019 - 16:20
E grousse Merci fir de Fav.
H2O..


MbG,
Marc
marker 28.04.2019 - 10:18
Merci Nico fir dëse Fav.
Schmuel..


MbG,
Marc
marker 03.05.2019 - 23:44
Merci fir dëse Fav.
Un géant


MbG,
Marc
gemu 10.03.2020 - 08:57
Merci Nico fir de fav

White Beach


Léif Gréiss
Georges
gemu 16.01.2021 - 11:33
Merci Nico fir de fav
Gare Centrale


Léif Gréiss
Georges
marker 19.02.2021 - 09:28
Merci villmools Nico fir dëse Fav.,
Äiseg


Bescht Gréiss,
Marc
gemu 28.02.2021 - 09:32
Merci Nico fir de fav

Veiner Schlooss


Mat beschte Gréiss
Georges
marker 28.02.2021 - 12:09
Merci villmools Nico fir dëse Fav.,
Gornera..


Bescht Gréiss,
Marc
gemu 02.03.2021 - 19:12
Villmools Merci Nico fir de fav

Cinderella Castle


Mat beschte Gréiss
Georges
gemu 11.10.2021 - 13:09
Merci Nico fir de fav

Belsch Plaasch VIII


Léif Gréiss aus dem Syrdall
Georges
Nicon07 11.10.2021 - 17:29
Léif Gréiss zréck vun der Héicht am wëlle Westen. closed_eye
marker 30.10.2021 - 17:42
Merci Nico fir dëse Fav.,
Eng Postkaart..


MBG,
Marc
Nicon07 01.11.2021 - 11:11
smile
marker 18.03.2022 - 16:21

Merci fir dëse Fav., Nico,
Vun der Halerbaach..


mbG,
Marc
marker 02.05.2022 - 22:25
Merci Nico fir dëse Fav.,
Phare


mbG,
Marc
gemu 22.05.2022 - 08:33
Merci Nico fir dëse Fav

City Tour V


Léif Gréiss
Georges
marker 24.06.2022 - 23:13
Merci Nico fir dëse Fav.,
Gespruddels


mbG,
Marc
marker 21.07.2022 - 11:54
Merci Nico fir dëse Fav.,
Gespruddels II


mbG,
Marc
marker 23.10.2022 - 11:43
Merci Nico fir dëse Fav.,
Oktoberluucht


mbG,
Marc
marker 21.03.2023 - 12:04
Merci Nico fir dëse Fav.,
summit cross


mbG,
Marc
marker 02.04.2023 - 13:56
Merci Nico fir dëse Fav.,
Diagonal


mbG,
Marc
marker 06.04.2023 - 16:18
Merci Nico fir dëse Fav.,
Säiteluucht..


mbG,
Marc
marker 06.04.2023 - 16:40
Merci Nico fir dëse Fav.,
Vum Aletschhorn..


mbG,
Marc
marker 12.05.2023 - 15:22
Merci Nico fir dëse Fav.,
In color


mbG,
Marc
gemu 28.05.2023 - 18:27
Merci villmools fir de fav, Nico

Tunnelbléck


Bescht Gréiss
Georges
gemu 30.08.2023 - 22:41
Merci Nico fir dëse fav

schleierhaft


Bescht Gréiss
Georges
marker 09.10.2023 - 20:17
Merci Nico fir dëse Fav.,
..ganz kuerz


mbG,
Marc
marker 28.12.2023 - 21:35
Merci Nico fir dëse Fav.,
Gesträift


mbG,
Marc
marker 10.02.2024 - 21:00
Merci Nico fir dëse Fav.,
eastward


mbG,
Marc

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 283 Gäscht online