Gefällt mir gudd. Zumools d'Bearbeschtung fannen ech immens schéin gerooden.
Bon, et sin e puer Äscht uerwen oofgeschnidden, stéiert mech awer net, well den Räscht, sief dat Faarwtéinung, Kontrast an Atmosphäre dat kompenséieren.
Schleissen mech deenen aneren Comments matt Freed un, ausser dass e puer Äscht uewen gecut sin, eng ganz schein Foto, an excellent verschafft.
Schued dass keen Group "Mystery" um Site ass, do geing dei hei super dran passen
op denen plaazen wou en hellen hannergrond ass, gesait den baam mer bessi zevill scharf aus? an sonsten ganz flott bearbecht, keint flaicht e ganz bessi mei heich kadreiert sin, ganz schein
Technësch gesinn besteet daat Bild aus 13 Ebenen.
D'Basis dovun ass eng S/W-konvertéierung mam Kanalmixer, duerno eng Gradationskurv, an dann eng Téinung matt teinte/saturation.
De Recht sinn Verfeinerungen vum Bild.
Et ass schwéier do den Détail ze erklären, well esou Biller bei mär "aus dem Bauch eraus" entstinn.
De Baam huet mër einfach gefall, an do hunn Ech eben, matt Hëllef vum PS, probéiert ze weisen wéi gutt datt e mer gefällt, respektiv déi Schéinheet vun dem Baam visuell ze vermëttëlen.