wow, du hues narwëll intressant "Saachen" um Speicher trëllen )
- amtliche Tageszeitung für sämtliche Behörden - oha, sou huet d'NSDAP hier Zeitongen och genannt, dh. Letzebuerg war jo deizeit ënner Deitscher ........... !!
déen Zeitongsartikel, do wärten der lo hei e puer sëch bestëmmt wonneren, wat jo awer och normal as !
sou en - Teller - incl. Läffelsgeschier an Drenkfläsch haat ëch och bei de Scouten, schwätzen vun Ugangs 60.er Johren !
Jo Armand, hun nach munches um Späicher leien, mei Papp huet et gesammelt, an de Bouf huet sech och durfir intresseiert .
Dei Fläisch, Iesteller a Besteck ass nach vun den Amerikaner
Ma d'Scouten hun mengen ech an de 60-70 vum Oofbau vun der Arméi profitéiert, dofir si sou Saachen bei hinne "recykléiert" gin... ech hu nach ee wonnerbaren Militärschloofsaak vun deemols deen emmer mat op de Camp geet
1967........... ka sinn, dat ëch daat selwecht erliewt hun,
dh. mat de Scouten an Norwegen , e camp fédéral, ca. 400 Lëtzebuerger, kann awer och e Joer mei speit gewiescht sin, wée nët mei ))
Ma dann wull mol nach méi um Spaicher, do kommen bestemmt nach méi interessant Saachen zesummen.
Me bon, mol zur Foto: Um Opbau kanns de nach vill änneren. Dat gesäit aus wéi wann et séier gaangen wir, et felt mer e bessi léiwt um Détail.
Och deng Spigelungen passen iergendwéi net richteg zum Sujet, besser wir do zum Beispill en Holzdesch.
Zu gudder Läscht, et fällt zevill op, datts de deng Schreft ferm nogeschärft hues.