Firwat soll ech béis sin? Wann ech eppes probéieren, dat muss jo net onbedingt och gudd sin (oder gefalen, je nodeem). Et war eng Iddi vu mir, mol sou eppes ze maachen.
Ech fanne grad gudd, datt hei d'Léit drop sin - déi si gudd am Bild verdeelt a schaafen zousätzlech Déift.
D'Struktur fannen ech interessant, just am Himmel wier et vläicht besser mat e bësse manner...Et erënnert mech allerdéngs un d'Erdbeben vun L'Aquila...
Ech hätt se nach e bësse méi riicht gezunn - domat verschwënnt dann och e Stéck vun dem lénksen däischteren Deel, deen fir mäi Goût zevill breed ass.