ups , lo war et mer e Strapp ze séier gaangen, nodeems ech no der Posch gefrot gi sinn :)
De Gros vun eis weess ëm wat et geet, ... dén dën interesséiert ass kritt d'Posch geléint, a soll se dono erëm weider oder zeréck ginn.
E puer Regelen solle mer anhalen, wann dat Ganzt e bëssen serieux soll gehandhaabt ginn.
1) d'Posch soll maximal zwou Woche bei engem bleiwen dono soll se weidergoen.
2) gëtt d'Posch weiderginn, soll (am Kommentar) drënner drageschriwwen ginn ween se kritt huet ( da wësse mer ëmmer ween se huet )
3) nodeems d'Bild hei gewise gëtt, soll de Virgänger ëmmer am Haaptkommentar ënnert der Foto weiderverlinkt ginn, ... ewéi hei elo ze gesinn :)
eng "Wanderposch" ...
4) um gewisene Bild, muss a soll d'Posch gutt ze gesi sinn, se muss awer net den Haaptthema dervunner sinn.
5) den Titel soll ëmmer "d'Wanderposch" mat fortlafender Nummer sinn.
6) changéiert d'Posch de Proprietaire, sollen vum Virgänger ( OP FRËIWELLEGER BASIS !! ) zwee Euro an iergendeng Photo, esou ëm 10x15 , mat hannendrop Adresse Numm an Telefonsnummer an der Posch verbleiwen.
7)Grondregelen sollen wegl als éichte Kommentar agesat ginn:)
Et soll ganz zum Schluss eppes Organiséiert ginn, fir déi Leit déi matgemaach hunn, loosse mer eis iwwerraschen ;))
Ech hoffen dat elo vill Leit Loscht krit hunn fir matzemaachen, ech selwer a nach vill Anerer giffen sech driwwer freeën :)))
den Eichten dën elo ugefrot hat an d'Posch kritt ass de Schluck
edit:
esou de Schluck as se siche komm, et geet weider