Wéi ech grad dem Gaga schon geschriwwen hunn muss ech mech wuel éischter zu den 'Puristen' zielen, deemno gefält mer d'Bea lo net sou gutt.
Mee Foto besteet jo net nëmmen doraus...
Riets den laangen Iergendeppes laanscht den Rand wech schneiden, sou Fotoen mat 'internem' Kader sinn ëmmer schwéier ze cadréieren, sinn och schon oft un soueppes verzweiwelt... :S
Den Typ am HG stéiert en bëssen, gesäit aus wéi wann deen grad duerch d'Foto gelaf wier an net richteg eppes dermat ze dinn hätt.
hmm okay du purist :D affaire de gout mat der bea, mais haat selwer een moment geduet ech haett iwerdriwen domaden
stemmen der zu 100% zou mat dem dengen riets croppen.
ass emmer schwiereg sein eegent bild nom verschaffen och nach ze beurtdeelen , mais den typ geheiert dozou an mier perseinlech geafaellt en dran
villmols merci fier deng meenung an kritik
oh jo erennert mech un en bild wou ech stonnen drun geschaftt haat .. an dann 3 wochen net mei gekuckt hun ... wei ech dun geduet hun .. sou elo kucken ech mer et un .. naja dun hun ehc et geloescht
ech fannen deen Här am Hannergronn eben grad gudd
allerdings gin ech dem Metalbambi Recht waat dei riets Säit ugeet ... deen hellen Fitzelchen Mauer mech net gudd do, och net deen wäissen "Fleck" ennen lenks
fier d'Haut / d'Gesiicht vun der Joffer ass d'Bea och e bessen ze hefteg
Genuch gemeckert - gefällt mer trotz deenen klengen "Schéinheetsfehler"
Kënnt eng Filmszen sinn, well déi 2 Haptdurteller an eng aaner Welt kukken, si hunn hiert Emfeld total vergiess, mär gefällt och Veraarbechtung, passt !