Flott Iddi fir se vum Camper erof iwwert dem fueren ze fotograféieren. Ech fannen allerdéngs dass dë se zevill verschafft hues. D'Ween gesinn a mengen Aen aus wéi Matchbox Autoen :-S
ROFL. Sou ongegéier hat ech mer dat virgestallt wéi den BP mer vum Shooting gezielt huet.
Bei der zweeter ass d'Bea gutt. Bei der éischter fannen ech se net gutt well se zevill d'Detailer rondrëm d'Autoen pusht, dann stinn déi net méi esou gudd géint den Hannergrond eraus. Bei der zweeter ass dat kee Problem well den Makadamm méi gläichméisseg ass.
John...Ech fannen d'Fotoen (1 an 2) ganz gudd an awer iwwersaturéiert....naicht géint sättigung awer esou Himmelen gin et mol net an enger Surréeler Welt (oder dach, oder awer net)...Hunn haaptsächleg e Probléem matt dengem Blo