Zur indee einfa schein an top... zur beaabeschtung einfa top...
Mee... hun 2 negativ kritiken..
HUelen mol un du bass daat deen do steet... fannen du stees do wei eng aal "deck" madam dei op enger sait kippt... bon... den niwel nierft dengem kapp ass dann leider do bessi ze staark, mee do kann een naischt drnu änneren...
D'rummen vun den klengen fotoen fannen ech och net ideal... fannen du häss keinten den shadow raushuelen, bessi mei deck maan, an eng aaner faaw huelen fier drumm...
Mais am groussen ganzen eng flott foto
THX olli
nee, ech sin dat ausnamsweis net et as tatsächlech eng aal "deck" madam dei op enger sait kippt (copypaste)
bessen zu entstehung! et woar fréi an mäi gehier woar nach net ganz waarm. ech hun eng super serie gemach. ech woar wierklech verwonnert iwwert déi gudd biller. uewen(sieher bild lénks) ass mer ee jonken typ mat iPod, eastpak -déck cool a moderns- iwwert de wee gelaf. ech hun eng ganz serie gemach wéi en iwwer 't bréck gangen as.
DANN ERéEICHT hun ech festgestallt dass ech nach vum owend firdrun mäin apparat op "mehrfachbelichtung" gestalllt hat. d.h. ALL bild woar fir 't katz! ech hun also nachengkéier vu fier ugefangen, sin coh nachengkéier erop gangen an do kënnt mer dann och déi "aal "deck" madam dei op enger sait kippt" entgéint! bon ech hu mer dann geduet "selwer schold" an hun eben déi aal "deck" madam dei op enger sait kippt fotograféiert
;-)
Dei ass awer net roud...
Spaß bei seit. Super Foto(en)!!!
Also, gefällt mer gudd, an vu dass se net roud op der foto ass, huet dat sou eppes, wei wann ee seet: Wow, wou ass dat dann?
Gudd gema, an och dei idee matt 3 biller fannen ech gudd.
Ech kann nemme soen, tiptop gema.
wei mengs de dat lo? ss dat dat op der Foto wat an den hannergrond emmer mei sou "verwäsch" gett. Also, fir mech ass dat net onscharf, well et vum Fotograf gewollt ass. Konscht eben. An et geseit en plus nach gudd aus.
nee dat mengen ech net. dat wats du mengs as einfach den niwwel. mee ech mengen einfach eng algemeng onschäerft duerch 't verklengerung am PS. ech schäerfe méng biller emmer engkéier kuerz éier ech se als JPG800pix ofspäicheren. hei net.. an ech hu "geneat" fir dat ganz bessi méi glad ze kréien...
Alt rem eng flott realiséiert Idee vun dir. Mech stéieren d'Rummen net, ech hätt just d'Idee bessen mei "eppeg" gemaacht (fällt mer elo keen aanert wuert dofiir an) an deems ech d'Bréck roud gelooss hätt an de Faarwen an ronderem schwaarz waiss, mee waat ech mei laang driwwer nodenken, ass et eigentlech gudd sou wei et ass, also loossen mer et dobai..
Dat as jo grad dat Flott um NeatImage, datt et onscharf gett, oder wierkt. Mais do kann ee séch jo hellefen. Et kann ee jo de Wert, wéivill een d'Bild botzt festléen, a wéivill "Stebs" ee wellt leie loossen. Du huës jo sécher eng Vollversioun, oder probéiers du nach mat der Gratisversioun?
Fannen dëng Zesummestellung hei ganz gelongen. Du hues dai Sujet effektiv esou einfach wéi méiglëch gehaal, d'Form op dat néidëcht reduzéiert, Détailer am daichteren opgeléist. Et gelëngt der och an drai Biller den Zweck an Definitioun vun der Konstruktioun duerzestellen. An dën Niwwel huet der natierlech gehollef fier d'Brëck aus dem bekannten Emfeld erauszeléisen, waat och ërëm denger Compositioun eng speziell Wierkung gët.
et lount sech daat hei lang unzekukken an driwwer nozedenken. All eenzel Foto speziel an absolut flott. An der Kompositioun stellen ech mir folgendes fir: Bild 1 léks aus der Serie raushuelen an och eng ouni Peroun huelen, flait och ouni Auto. Dann Bild 2 an 3 swapen wäll Bild 2 ënnert der Brök as an Bild 3/ Gelänner driwwer as. Waat mängs du?
salut focus! ehc hu bei den opnahmen vill un dech geduet
also bild 2 an 3 woar ufanks "geswapt". hun se dann ëbgedréit well soss uewen esouv vill eidel wier.. mee gin der awer recht. as méi logesch esou. bréck ouni persou hun ech och. ouni autoen ëm dess auerzäit allerdéngs net... mee iergendeng foto probéierene ch coh emol esou am ganzen eropzelueden. mee kucken nach wéieng...
WOW!! an daat wann et nach matzen an der nuecht ass!! ech fannen dass den niwel hei eng super wierkung huet (besser wi en bei egal weiengem feld gehaat hätt ;-p) an daat dass de 3 biller sou zesummegesaat hues mecht richteg gudd
Just den titel ass langweilech ;-) (fir dann mol engka eppes negatives un denger foto ze fannen *g*)
zesummenstellung hei gefällt mer ganz gudd, an b/w ass hei mega schein. hätt awer design méisseg vun der rumm et mei am 2d gemaach, ouni shadow effekt - mee daat ass wei alt esou emmer rem affaire de gout
d'fro dei ech mer awer elo zur grousser foto stellen ass, waat ass daat an der wölbung lenks nierft dem kapp vun dir persoun? ass daat eng optesch täuschung weinst der wölbung oder ee fleck oder soss eppes?
... ok hun graad dem olimi sain kommentar gelies, domadd hun mer gemeinsamkeeten an wees och waat deen "fleck" ass