Salut,
komesch, dass hei nach keen eppes geschriwen huet. ech hun esou graphesch minimalistesch photo mega gaeren. ech giff dir just gaeren nach en puer tipps gin, wéis du se nach besser eriwerbruecht kriss. ech giff op der enger seit kucken dass wanns du mat esou strecher schaffs, den strech op jidden fall och riicht ass. ech mengen net, dass se onbedengt am klasseschen senn kippt, mais dass déi convexitéit doduerch entsteet, dass du mat enger relativ weitwenklecher brennweit relativ no um sujet wors. daat kanns du am ps dann awer einfach rausrechnen lossen. enner filter-lense corrections (custom) - geometric distortion. wanns du se am raw-format geholl hues kanns du do natiirlech och drun knechelen goen.
wann ech dir dierf en rod gin, wanns du esou eng genre produkt photos mess, kuck emmer dass du mam stativ dein photoapparrat ongeféier metteg (also am bezug zur heischt) zu denger sujet astellts an wiel en bessen méi eng laang brennweit an en bessen méi en groussen ofstand zum sujet.