wow! kann dem Gaga nemmen Recht ginn, dei eischt as TOP - ausgeglachen Beliichtung, flott Faarwen an dMotiv gudd an Scene gesaat!good job
dei zweet get allerdings naischt hier, dei as mengermeenung no definitiv ze daischter...dei drett huet eppes, fannen Rummen emmer gudd, wann se net am Photoshop gemaach sin
Zesummen ergin se awer KENG Serie, dofir giff ech se och net als solch weisen - dei nemlecht Platz geet net duer fir dass Fotoen beieneen passen
Dat Lach ganz viir: Do kéint een séch viirstellen, et spréngt een dran, an et kënnt een op der aanerer Säit vun der Weltkugel neess eraus.
Oder et ass e Schwaarzt Lach, also e Raum-an Zäit-Struddel, a luës a luës gëtt d'ganzt Ëmgéigend, d'ganzt Land, de ganze Kontinent, d'ganz Welt dovun erfaasst, fir irgendwou um Enn vun der Galaxie neess nei ze entstoën.
Mee lo geet d'Science-Fiction-Phantasie mat mer duërch...
Wéi gesot: Eng schéi Serie mat enger fantastéscher éischter Foto.
Bravo!