Ech hunn deng Foto lo schonns e puermol gekuckt. Si gefält mir vun der Iddi a vum Cadrage hier exzellent. De Bléck gëtt vun der Bréck richteg op d'"Wäschmaschinn" gepucht, dat ass flott. Och deng Laangzäitbeliichtung ass ganz réusséiert. Wéi lanng has de beliicht?
Eventuell hätt ech d'Verdeelung vum Liicht anschters organiséiert. De Park lénks nieft der Bréck ass mir ze hell a lenkt vum eigentlechen Zentrum vum Bild of. D'Vignett ass mir och ze offensichtlech an abrupt, hei hätt ee méi differenzéiert ofdonkele kënnen.
Trotzdem e flott Bild!
Ech wollt de Bleck richtung "Wäschmachine"leeden..Mengen dat ass mer gelongen De Park hat ech och bessi oofedonkelt mee do huet mer Photo net esou gefall.Hat och mat ounie Vignett probéiert,huet mer mat vill besser gefall.Secher ze staark,manner ass munchmol besser ;-).Ass keng langzeitbeliichtung ,ass alles am Photoshop gemat gin