Salut bac ech hunn mech virun e pur Méint mat deen Thema, Verzerrungen am Bild beschäftegte. Leider net konsequent genuch. Keng Zäit! Mir gefält dat wat ech gesinn ganz gutt! Géing Bild just als digital Aart deklaréieren!
Dee klenge wibbelege Sportler virun dem monumentalen statesche Gebai: zwou verschidde Welten. Dee Geijesaz gefält mir ganz gutt.
Och technesch ass d'Bild gutt gelongen.
Ech hu mech trotzdem gefrot, wéi d'Bild ouni d'Beweegungsonschäerft am Gebai wierke géif, dann als méi klassesch Street-Opnam?
Ech fannen wann een net à même ass den Architekt ze ernimmen vun deem seng eege Foto liewen därf, dann ass dës Foto och nëmmen een Cliché, zwar exzellent interprétéiert, mais trotzdem well bal e Plagiat !
Super Foto, staark Bea, déi hat ech d'läscht Joer verpasst.
Kompliment.
Merci Johny an Bob: et geet nees, jhust op den Texter déi gemacht goufen während dem de Problem bestanen huet, kritt een d'Korrektur nët gemacht, ass awer nët schlëmm.