Zu Esch um Schlassgoart gesinn, an - ouni wëllen déi ominös Sproochendebatt unzekuerblen - et huet mech erstaunt, dass do d'Warnschëld ob Däitsch ass...
Ouni lo eppes ze ënnerstellen, mais vu datt eng Foto jo ëmmer just Ausschnëtter weist, kann et net sin, datt am Hors-cadre rechts net wäit vun deem Schëld hei ewech, och nach eent op franséisch hänkt?
Oder, aanere Point de vue: et kann ee séch froen aus wéi enger Zäit dat Schëld do staamt: 60er Joeren? 70er Joeren?
Bref: Fir méch ass dat doten elo net außergewéinléch, well am Schlassgoart an zu Esch/Schëffléng hu jo awer zu ARBEDs-Zäite vill "Letzeboia" geschafft.
Zur Foto: Mir gefällt se gudd, well do eng manifest Ironie dra matschwéngt. Deen ofgebliederte Botz , déi Rëss an der Mauer, dat Ganzt a brong-groen Téin, an Oppsitioun zum rechtsen Drëttel, wou eis Nationalfarwen subtil séch weisen. Jiderengem ass et iwwerlooss, dat fir séch ze deiten...
Mais wat och nach witzeg ass, ass den Hydrant, wéi wann ee mat Waaser kéint eng Mauer (een Haus?), dat an ee Koup fällt, ophaalen.
Merci fir däin ausfeierlechen Kommentar. Also et hänkt (zumindest am Joer 2017) keen Schëld ob Franseisch derniewrt, ech well awer net behaapten, dass dat nie esou war. Scheld staamt wéis du et vermuts wahrscheinlech aus den 60er zu enger Zäit wou effektiv am Schassgoart wahrscheinlech Lëtzeboia do majoritär aktiv waren...
Ech wollt effektiv, dat Wuert Secherheet der delabreierter Mauer geigentiwwerstellen. Schéin dass du fënns dass dat gelongen ass.