Wat wëlls du heimadder weisen? ... Datt di analog technik aus de 50er Joere vum läschte Joerhonnert séch net brauch ze verstoppe virun der digitaler Fotografie vun 2019?
Ma dann hues du déi Wett gewonnen!
Dat wat zeilt ass d'Optik, deemols wéi haut. A bei Leica huet een einfach eng Valeur sûre.
Buy Film not Megapixels ! Déi absurd course fir ëmmer méi Megapixelen huet een schon verluer wann een haut en neien Apparat mat 50 Megapixelen keeft, an dann och nach méi e perfomranten PC deen di 80 Megabyte grouss Rawbiller och zügeg kann verschaffen. Muer gehéieren se alleguer wéi di deemoleg excellent NIKON D700 Vollformat mat "nëmmen" 12 Megapixelen, den Nec plus Ultra am Rauschverhalen, zur Vergangenheet.
Méng D700 huet 150 000 Ausléisunge, mindestens, an si geet nach ëmmer, an di Fotoen déi se mécht brauchen séch net ze verstoppe virun deenen vun der Z7. An egal, wat en se an den Zeitunge schreiwen... och ee Fichier an Originalgréisst mat 300dpi aus der D700 kann een ouni "Verloschter" op DIN-A2 ausdrécken.
Ech menge, ech gi mol neess eemol mat hir op den Tour, genee wéi mat ménger Canon A1 oder Nikon F70. Ech muss just mir mol Filmer zouleeën.
Esou wéi de Nico schonns sot, deng analog Versioun brauch sech kenngeswees virun der digitaler Fotografie vun 2019 ze verspoppen, au Contraire, deen dezente Grain ass hei bei enger analoger Opnahm ee Must a brengt Liewen dran.
Ganz gutt Georges