Leiss a Fléi a Fousspilz als Waff géint de Covid! Aktuell leeft op Uerder vun der Regierung eng landeswäit Etüd doriwer a mir alleguer sin d'Probanten.
Wat ass essentiell? Wat ass d'Wiese vun de Saachen, déi een elo net ze brauchen huet? Kärzeliicht an de Raunuechten? Nö, mir hu jo de Kurang elekrtik... Mais wat, wann de Stroum "fortgeet"? (o wat ass eis Sprooch dach esou flott!)... Hoer fierwe, wee brauch dat? ?Ennendrënner si mi dach all gro, äh, gläich. ... Strëmp, (oder Huesen, je nodeem) brauch een och net, well et geet ee jo net virun d'Diir, a wann ee séng Neel nët ka pëtzen, da rappt een och kee Lach an d'Kotténgsnuesen...
Mais et gesäit een awer, datt an deem Buttik do richteg Francophonen doheem sin... eiseree géif dach Merci pouaah vottre compréhonsion schreiwen, gell?...
Merci Nico fir deng flott Analys an di déifgräifend Iwerleeungen. Esou gesin hues de absolut recht. Daat sin alles Sachen déi de Moment kee Mënsch wirklech brauch, weinst dem Mondschutz kann een och souguer ganz op Zahnpasta an Zännbiischt verzichten, waat mécht een eigentlech nach mat Botzgeschier wa kee Besuch ka kommen, daat eenzegt waat se eis awer net dierfen huelen, daat ass den Toilettepapeier soss si mer dann awer definitiv ganz am A.... schliesslech musse mer elo Reserve machen fir di 3. Well
By the way... Ech géing awer trotz Mond-Nues-Protektioun net op Zännseef a -biischt renoncéiere, oder wëlls du wirkléch enges Daags déngem(r) Zänndokter(esch) déng Suen droen?...