Naja, dee klengen Iwwel hëllt ee jo gären a Kaaf, wann een an d'Wakanz däerf. Awer och esou Zäitdokumenter wäerten an der kollektiver Erënnerung bleiwen.
Mat enger Mass Karat Diamanten géif ech mer eeschtlech iwerléen e Business Jet ze charteren fir denen kollektiven Mass Karaten ze entgoen an daat schéinste Sportwheel fir en Italiener ass e Nardi a fir Englänner e Moto-Lita
Mäi Sportwheel ass een Amerikaner: ee Specialized Stump Jumper Comp. Just ass deen am "Rider" sénge Been integréierte Muskelmoteur e bësse liddereg di läscht Zäit an de Frontpack vun deem Typ um Suedel tendéiert zu enger zevill grousser, net imminent verfügbarer Energiereserve, fir et mol fein auszedrécken.
Wéi ech viru baal 30 Joer ée Velo kaaf hun haat och e Moment een Taiwanesch-Amerikaneschen Specialized= US spelling, am Aan, hun dann awer ée Scott kaaf, weess nët méi virwaat, ech mengen de Numm huet mer besser gefall
"... de Frontpack vun deem Typ um Suedel tend?iert zu enger zevill grousser, net imminent verf?gbarer Energiereserve, fir et mol fein auszedr?cken."
So emol bass de ?iren Literaturprof? Daat o ass tr?s recherch?...
Also, ech war nach ëmmer Literaturprof am Voltaire séngem Idiom, och wann ech do, wou ech méng läscht Joere virun der Pensioun och nach Education à la Citoyenneté dierf gin.
Geséi daat als kleng Oofwiësselung, e ganzt Berufsliëwen de Voltaire, Victor Hugo etc. ze propagéieren, gët daat nët iergendwann langweileg? An ausserdem hues de jo nach d'analog Fotografie als Niëwefach
Well an der Schoul, wou ech zanter 1996 schaffen, dem LTPS, keng Literatur (oder nëmme sporadesch) um programm steet, mais éischter Textes et sujets d'actualité a romans contemporains ass de klassesche Canon vu Rabelais bis Camus a Sartre fir méch just loisirs. Ech bekloe méch net doriwwer, well ech mengen, et ass haut nach manner zefriddestellend wéi zu eiser Lycéeszäit, fir ee Prof Literatur ze gin (ausser op enger A classique)...