Kommentar vum Fotograf:
E puer analog Impressioune vu Bilschdref.
Di Foton hun ech mat der Pentax 6X7 an dem SMC 1:4,5 55mm gemaach. Ech hat och ee Roudfilter drop. De Film ass ee Rollei Superpan 200 (mat Empfindléchkeet an de liichten Infraroudberäich) an ech hun dat Ganzt mam Tetenal Ultrafin entwéckelt a mat SilverFast 9 gescanned. Di Schréipsen hun ech mir selwer ze verdanke, well ech aus onerklärléche Grënn de Film net op d'Spull kritt hun an dee séch ëmmer méi am Sak zesummegerullt huet. (Wann ech nach eng Méiglechkeet hätt, bei eis doheem ee komplett däischtere Raum anzeriichten...)