Chic, do sin schon eng yet Seechomessen um Tuerm ukomm.
Dass dei Grashalmen just bis un d'Dün erun kommen ouni driwwer ewech ze reechen ass mol eng flott Demonstratioun. Bis ewel hun ech emmer probeiert dest ze vermeiden well ech färten, dass d'Bild dann "an zwee" gedeelt get, respektiv desen "touching border" als zevill markant an domat als steierend empfonnen kann gin.
D'Bild ass jo schon duerch schaarf an onschaarf opgerënnt dofir denken ech dass et hei funktionéiert. Normalerweis kucken ech och ëmmer des Situatioun ze vermeiden well soss wéis du sees d'Bild gär an zwou Hallschenten opgedeelt, oder den Sujet net zur Geltung kënnt.
Merci fir däin Kommentar