ech sinn an der Lescht net méi oft hei ënnerwee, uff, nach eng eenzeg Foto déi Deel geholl huet!
lo sinn ech e bessi kriddelech, de Steen ënnen stéiert mech, fir mech e bessi schneiden an dann ass se PERFEKT
...''ech sinn an der Lescht net méi oft hei ënnerwee''..., hmm.., an dat ass schued, deng herrlech Naturbiller wou's du gewisen hues waren eng grouss Beräicherung fir dëse Site, an hoffentlech gesi mir dech an nächster Zäit nees méi oft hei erem.
Ebenfalls deng konstruktiv Kommentarer, esou wéi elo hei bei mengem Bild, wou dech de Steen stéiert, a wou's de Recht hues, well wéi oft iwwersäit een bei sengen eegene Biller Klegegkeeten déi eréischt engem aneren Betruechter opfalen.
Leider kann een bei der Wochefoto näischt méi ëmänneren, hun däi Virschlag awer befollegt, wéinst dem Format net geschnidden mä de Steen ewech gestempelt, a weisen d'Bild iwwer dëse Wee. Insgesamt wierkt et méi opgeraumt, an näischt stéiert méi de Waasserfloss.., a gefällt mir perséinlech och besser esou.
Merci villmols Michèle, fir deng Appreciatioun an däi gudden Hinweis.