Esou eng änléch Plaz gëtt et och wann ee vum Park vis-à-vis vum Beeforter Schlass durch d'Haupeschbaach a Richtung Halerbaach geet. Ech hat eemol am Fréijoer, wéi nach net vill Laaf un de Beem war a wéi d'Sonn am spéide Moie voll dorageknallt huet, probéiert do ze knipse, mat zweifelhaftem Erfolleg. Do war de Capteur vun der Z7 dann awer u séng Limite gestouss, wat d'Kontraster ugeet.
Wanns du nach eemol do am Eck däin Onwiesen dreifs, da kanns du dat jo och mol inspizéiere goen. Mais ech gi mol dovunner aus, datt dat hei fir déch kaale Kaffi ass
Zitat: ''Mais ech gi mol dovunner aus, datt dat hei fir déch kaale Kaffi ass'' ...Absolut net, souwuel D'Haupeschbaach ewéi och d'Halerbaach si genee esou intressant wéi d'Schwaarz Iernz am Mëllerdall ''wann net esouguer nach méi?'', mäi dat ass a.d.g., an ech sin do nawell vill ënnerwee, ...kuck emol hei, nach eng Impressioun vum Wanter!
Mea Culpa! Ech hu méch komplett falsch ausgedréckt, an dat konnt jo nëmme falsch verstane gi, mam kaale Kaffi. Sorry! Eigentléch hun ech mam "kaale Kaffi" soss näischt wëlle soe, wéi datts du all Plazen am Mëllerdall souwisou scho kenns an do Fotoe gemaach hues. (Vläicht hues du dat jo och sou verstaanen an ech interpretéieren déng ?%u201Entwert lo falsch, sou ass dat mat deem Geschreifs an de Foren) Ech wollt op alle Fall ni soen, datt d'Haupeschbaach an d'Haalerbaach an all di aaner Baachen do am Lëtzebuerger Sandsteen (also och do, wou een d'Géigend net mi Mëllerdall nennt) näischt ze bidden hätten. ?%u2039mmehi séng méng Originne vu Bieréng bei Miersch an als Ado war ech ee Groussdeel vu ménger Fräizäit do am Bësch, um "Siebelchen" an eriwwer bis an d'Noumerleeën awer och zu Miersch op der Haard a bis op den Hunnebuer mam Mountain Bike mam Fotoapparat am Rucksak um Tour. Iwwregens kéint ech mol neess eng Kéier dohinner Fotoe maache goen.
Interessant ze liesen dass deng Originen aus deem selwechten Duerf sin wéi meng. Wann ech Siebelchen liesen kommen mir Biller an de Kapp déi ech all Dag gesin hun. Well mir vis a vis op deem aaneren Bierg gewunnt hun. An, jo, du gess och mir eng Iddi: Ech muss emol rem dohinner, souzesoen back to the roots. Do wou ech fir meng éischt Kommunioun eng Agfa Kamera geschenkt kruut.
ech hun dat irgendwéi schon am Gefill gehat, datt mir eis irgendwéi kenne mussen. Do wous du gewunnt hues, si mir ëmmer Schlitt fuere gaangen. Lo misst een dach awer eng Kéier ee Usertreffen zu dräi hei maachen. Wat wärte mir bestëmmt grouss Aae maache, wa mir eis gesin...
ech hun dat irgendwéi schon am Gefill gehat, datt mir eis irgendwéi kenne mussen. Do wous du gewunnt hues, si mir ëmmer Schlitt fuere gaangen. Lo misst een dach awer eng Kéier ee Usertreffen zu dräi hei maachen. Wat wärte mir bestëmmt grouss Aae maache, wa mir eis gesin...
Ech hat mech effektiv liicht ierleede geloos, ass awer absolut keen Thema. Ech hätt jo och eng Grëtz méi wäit kéinten nodenken
An a propos Hunnebuer, deen ass mir als gebiertege Reckener wuelbekannt, dat war an de sechzeger Joeren während menger Primärschoulzäit DÉI Destinatioun wann ee Schoulausfluch gemach gouw!
Wa mir elo och nach een Alter sin, da stin d'Chance jo nawell grouss, datt mir eis kennen. Sollen de Pol, du an ech eis net mol zesummen eng Kéier an eiser aaler Heemécht op Fototour maachen?
Di Foto hei ass zu allem, wat se vum reng fotografeschen Aspekt auszeechent, och nach ee Paradebeispill fir datt Leit, déi eng stark ausgeprägten Neigung zur Pareidolie hun, Gesiichter a Fratzen a gogo fannen.
Awer wat mir besonnesch opfällt, dat ass lénks am Fiels méi hell sou eng Zort Totem oder Logo, oder wéi een et och ëmmer wëll soen. Uewen eng Hand, déi ee Fanhger ausstreckt, an der Mëtt ee "Rüssek" vun engem Schäin an ënnen drënner, (lo gët et kritesch)
Doranner ass meng Fra Spezialist, sie gesäit an all Fiels an an all Wollekesruktur iergend eng Fratz oder een Déier, mech muss een vir d'éischt drop stoussen, a no laangem kucken gesinn echt et dann evtl. och, ...oder och net!
Merci gesot Nico.
Ech wosst lo eng Zäit laang net wéi eng mir besser gefällt. Déi virdrun oder déi heiten. Ech hun mech elo fir des Entscheed, fro net firwaat, einfach e subjektivt Bauchgefill.
Mir perséinlech gefällt dës och besser, vu dat se manner Elementer opweist an esou méi ''opgraumt'' ausgesäit. A wéi's de sees, et ass ee Bauchgefill an natierlech adg.
Merci fir däi Feedback Paul.