Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» > superRGB <
 
> superRGB <
Ech gesinn alt emmer rem dat een seng Fotoen am falsche Fuarwprofil op Photogen setzt,
an dann traureg ass wann d'fuarwen net sou sin am internet wéi am Photoshop.
D'ass sou, dat wascheinlech déi meechten de Fuarwraum am Photoshop op AdobeRGB gestallt huet.
Den Adobe RGB huet grob gesot méi fuarwen déi den sRGB, an di meechte Schiirmer ennerstetzen daat net, an Web-browser och net...
Dofir soll all Foto, fir dat d'Fuarwen korrekt ugewissen gin, vum Adobe RGB an den sRGB (deen ''s'' steet iwwregens fir ''small''!) emgewandelt (konvertéiert) gin.
Fir dat mi einfach ze erklären weisen ech et mat e puer screenshots.
Firausseltzung dofir ass den Adobe Photoshop.
All versioun vum PS ass rem bessen aanescht ugeuerdent, mee d'misst een sech awer remfannen.


Fenke mer un mam OrginalBild am Adobe RGB.







Dann dohin goen wou um Bild gewissen ass.







Nom klicken misst des menu-fenster opgoen.
De Source space weist den actuellen Fuarwprofil un,
an den Destination Space deen deen en nom convertéieren huet.
Dee soll wéi gesoot sRGB IEC61966-2.1 sin.
Di aaner Astelungen NET veränneren z.B d'blackpoint compensation, relative colorimetric asw...
a wann se net sou sin, dan sou astellen wi hei um Bild







Ass den sRGB net par défaut ugewissen kann een deen an der Lescht nosiche goen







Dann ''ok'' drécken an dann ass et schon zimlech geschitt...

just nach oppassen bei oofspäicheren den Fuarwprofil mat anzebetten,
also d'kescht uklicken wann daat net schon ass (do wu de roude feil ass)







Resultat/Verglach





Wann nach ee froen huet... äntwere gär :)
Geschriwwen vum klex 17.12.2007, ass säit deem 33323x gekuckt ginn.
mmphotos 17.12.2007 - 21:06
Wosst et zwar schon, kann mer och firstellen dass vill leit et wessen, as awer ganz interessant.
Olivier 17.12.2007 - 21:10
Wusst ich nicht smile


Merci lex smile))))
Johny 17.12.2007 - 21:41
Gutt fir jidferengem als Link ze ginn den meckert d'Faarwen wiren beim Ropluede verluer gaang.

Eng absolut 10 wärt closed_eye
depunkt 17.12.2007 - 22:01
hei lex du hues dech jo rem selwer iwertraff closed_eye
klex 17.12.2007 - 22:20
Hätt eigentlech besser meng Aufgab ze maache fir muar :/
Mee op laang Siicht gesinn hun ech Zäit gewonn well ech et nemmi bei d'Fotoen muss dabäi schreiwen... smile
Merci, hu mer méih gin smile
big-basti 23.05.2008 - 17:57
Wierklech supper dat doten. Wenden daat emmer un , an farwen bleiwen wei se sin closed_eye merci
klex 24.05.2008 - 14:48
merci, freet mech wann et der eppes bréngt! smile
ApplEric 24.05.2008 - 14:43
Fier dien deen just den Photoshop CS hudd (Sou wei ech)
Do ass et net enner "edit" mee ennert "Image" -> "Mode" smile
Merci Klex, ass wierklech eng super Saach dat hei! closed_eye
klex 24.05.2008 - 14:49
Jop, CS ass den wee bessen aanescht! merci och smile
Mika 19.07.2008 - 03:19
Nach engkeier een decke Merci! Ech setzen lo un engem neien PC an emmer wann ech d'Foto am ACDSee opgemeet hunn wäer se grujheleg an de Faarwen...kruut hei richteg d'Flemm tongue Mee gott sei dank hunn ech dein Tutorial rementdeckt an - schwupps - sinn d'Faarwen richteg!
rom 23.06.2009 - 11:13
Merci, daat as schon eng grouss Hëllef!

Mee wéi as et dann wann een eng analog Foto/Negativ erascannt? Muss een dann dem Bild den Profil vum Scanner zouweisen mat "asign profile" an dann an sRGB emwandelen/späicheren fir duerno di richteg Faarwen erauszekréien?
Jeanny 05.01.2010 - 07:08
muss ech och machen, merci fir den Tip smile)
LordGuardian 09.08.2010 - 17:58
Hallo, sin vum gloda op dein tutorial verwisen gin well ech problemer mat mengen farwprofiler hun ...mein Problem leit zwar iergendwou anischt well ech den Ennerscheed vun sRGB an AdobeRGB kennen

...mee et ass mir opgefall dats du sees dat Adobe RGB méi Farwen huet, dat ass sou nit richtig an brengt vill Leit durcherneen (mech ursprünglich och wou ech ugefang hun Photoen ze man well ech ëmmer geduecht hun AdobeRGB wir besser vu dat et jo 'mei' Farwen huet)

Beid Farwreim hun exact dei selwecht unzuehl Farwen naemlich 8bit pro Kanal also 256x256x256=16,7M Farwen, den Ënnerscheed ass dat Farwen aus engem mei klengen respektiv groussen Gamut ausgewiehlt kennen gin. Dat heescht bei sRGB leien dei 16.7 Milliounen eenzel Farwen mei no beieneen, wougeint se bei AdobeRGB, ProPhotoRGB oder soss nach aneren erweiderten RGB Farwreim mei weit auserneen leien.

Ech huelen un dat war der bekannt, ech wollt dat just hannerlossen well vill Leit ëmmer mengen AdobeRGB wir besser well et méi eng grouss Unzuehl vun Farwen erlabt, wat sou nit ganz stëmmt, mee eischter dei selwecht Unzuehl Farwen huet mee aus enger erweiderter Palett smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 203 Gäscht online