Tomz
Mitglied
Dabei seit: 12.04.2009
Beiträge: 40
Herkunft: Bettembourg
|
|
Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :) |
|
Salut,
Ech wollt mol Froen op een mer bei enger Froo hellefen kann am beschten wier aus perseinlecher Erfahrung. An zuar gin ech den Sonndeg op den Rock A Field zu Reiser an wollt eventuel meng Camera mathuelen. Do hun ech awa mei duerch zeufall gelies dass professionelt bildmaterial verbueden wier. "Professional film, video and photo cameras, as well as any sound recording devices are not allowed inside the festival ground. Small digital photo cameras as well as mobile phones are permitted, of course."
Kennt och hei ganzen Artikel liesen
http://www.atelier.lu/raf/info.php
Kann een mer hellefen? Oder war schon een selwer mat der Camera do?
MFG
__________________ http://faberphotography.net/
|
|
25.06.2009 18:57 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
A.k.a. alles wat ze grouss as fir et onbemierkt eranzeschmuggelen.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.06.2009 19:07 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
|
25.06.2009 19:37 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Woubei een haut bei muneche Bridge oder CompactKameraen méi Méigléchkeeten huet, wat Zoom an Tele ugeet, nedu?!
|
|
25.06.2009 21:06 |
|
|
Tomz
Mitglied
Dabei seit: 12.04.2009
Beiträge: 40
Herkunft: Bettembourg
Themenstarter
|
|
ok merci fir äntferten also ass et wuel dann keng gutt idde meng D60 mam Kitobjektiv matzehuelen
schued fanne ech et eigentlech well eng show ophuelen kann een jo och mat engem 8 mp handy z.b.
MFG
__________________ http://faberphotography.net/
|
|
25.06.2009 21:08 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
geet et drems een Shooting ze hun oder gudd Musik zu Ouren ze kreien?
ech sen keen Fan fun dene milliounen hendien dei an dLuuscht gestreckt gin fir iergendswelech Pixelzoppen festzehaalen...mengn wann den Konzert gudd war brauch een keng Foto als Erennerung!!
an wann et just fir dFoto war...huet een wuel z deier fir den Entrée bezuelt....;p
wansde nemmen fir dFotoen dohin wels dann as et gudd wansde dech enzuech engageiers an een Pressebatch odersou kriss...dann hossde deng Rou
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
25.06.2009 21:54 |
|
|
Tomz
Mitglied
Dabei seit: 12.04.2009
Beiträge: 40
Herkunft: Bettembourg
Themenstarter
|
|
Also gin schons weinst dem Concert an jo keint een jo mol zeit hun puer biller ze scheissen
__________________ http://faberphotography.net/
|
|
25.06.2009 22:08 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hun nach ni brauchbar Fotoen vun Konzerten gesin déi aus der Mass mat enger Kompaktkamera geschoss goufen. Mach der e Gefalen a Genéiss de Concert amplatz mat engem Krämpchen am rietsen Arm heemzegoen.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.06.2009 23:00 |
|
|
Dan-D80
Jungspund
Dabei seit: 17.01.2007
Beiträge: 17
|
|
Bonjour,
ech ka just aus égener Erfaarung schwätzen, dass et kéng gutt Iddi ass eng Spigelreflex mat op den RAF ze huelen. An der Entrée kriss de vun der Security alles duerchsicht, och wanns du se ganz déif an engem Kuerf verstopps. Bei mir war et eng D80 mat engem 18-200mm, krutt dunn 2 Méigelechkeeten vum Securitiesmännchen ugebueden, entweder ech giff en an der Entrée stoe loossen oder ech giff net era kommen. Sinn dunn erem heem gaang, wunne net wäit ewesch vum Herschesfeld, an dunn eben ouni Dslr eran. Btw et huet guer kee wärt mat deene vun det Security ze diskutéieren.
|
|
26.06.2009 09:49 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
|
|
Ouni déi néideg Akkreditatioun kënns du net mat SRL eran!
Daat ass op all Concert a gréisser Manifestatioun esou an daat steet an all Info ze liesen (just déi wéinegst Leit liesen déi
Erlaabt sin déi Point & Shoot Kamera'en oder eben Kamera'en vum Handy!
Fir Erënnerungsfotoen an net méi geet daat op Concerten duer.
Wéi de gloda seet hunn ech och nach nie bräuchbar Resultater vun sou Kamera'en gesinn!
@Tomz: Huel deng kleng kompakt Kamera mat, mach e puer Erënnerungs-Schnappschëss a fir de Rescht genéiss de de Festival!
Fotoen dovun fënns de der jo och nach genuch.
Och op mengem Site
|
|
26.06.2009 10:33 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
harharharhar
genau!firwaat hun mer den Dan? ;p
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
26.06.2009 11:15 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Et passt vläicht e bessen zum Thema. Wéi as et mat Formel 1 oder DTM um Nürburgring? Gellen do ähnlech Regelen fier den normal Stiefleschen oder kann een do mat enger "professioneller SLR" op d'Tribühn?
|
|
26.06.2009 13:27 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also ob sou Plaatzen sin se net graat sou streng, do sin ech alt och schon mat mengem ganzen Material ragelaatscht an d'huet mol kee gemuckst, se hun just dran gesicht ob ech soss neicht datescht verstoppt haet (an meng Schwester huet souguer den Deo mussen weggehaien XD ).
__________________ Anti-Signature
|
|
26.06.2009 16:57 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Moien,
d'Management vun den Kënschtler wëll hieren Produit esou gudd et geet op den Concerten verkaafen. Dofir ass et eben néideg dass just gudd Fotoen veröffentlecht gin. Aus deem einfachen Grond sin eben just "Profien" mat dem néidegen Equipement an Fachwëssen erwënscht déi daat bescht aus hieren Biller eraushuelen (kënnen). Dobai kënnt nach den kommerziellen Deel. Esou gëtt verhënnert dass den Pitti an den Jhempi den Bon Jovi knipsen an dann Posteren, Taasen, Mousepad'en etc mam Muséker drop verkaafen (-> Merchandising). Mat klengen Kompaktknipsen ass et bis elo nach net méiglech eng uerdentlech Qualitéit fir déi Zwecker ze kréien.
Nët fir naischt ass et bei gréisseren Bands fir den Fotograf Pflicht en Kontrakt ze ënnerschreiwen. Dodran kënnt dann den Numm vum Fotograf, den Datum, d'Plaaz wou den Concert war mat der Auerzait an den Medium fir den den Fotograf schafft. Geregelt gëtt och ob d'Fotoen just an enger Zeitung veröffentlecht gin, oder ob et och erlaabt ass se an aaneren Zeitungen vum selwechten Verlaag ofzedrocken. Dobai kënnt dann nach je no Kënschtler ob se onbegrenzt archivéiert gin dierfen oder ob se no 3 Méint geläscht gin mussen (éischter sollen! well praktesch ass daat baal net anzehaalen).
Dobai kënnt dass den Trend dohinner geet fir net méi wéi néideg Fotografen op den Site ze loossen. An der Regel huet nämlech den Organisator ant Management keen reelt Interessi drun fir nach Berichterstattung nom Concert ze hun. Esoubaal d'Ticketen all Verkaaft sin ass d'Geschäft nämlech gelaaf.
Ech denken dem Threadopener ass domat geholleft d'Kamera doheem ze lossen, och wann et nach esou reizvoll ass fir Staren ze knipsen. Fir am dichten Gewulls (den Rock a Field ass mat iwwer 14.000 Ticketen SOLD OUT!) opt Material opzepassen ass net évident wann een sech och nach amüséieren wëll. An wien huet schon Loscht vum Security Männchen emgedréint ze gin an dann nees duerch de Bësch ze marschéieren, d'Navette ze huelen etc...
Kuck der léiwer d'Fotoen vum Dan an an den Zeitungen un an luuss obs de net selwer op enger ze erkennen bass! :-)
|
|
26.06.2009 17:01 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von patrickr
Et passt vläicht e bessen zum Thema. Wéi as et mat Formel 1 oder DTM um Nürburgring? Gellen do ähnlech Regelen fier den normal Stiefleschen oder kann een do mat enger "professioneller SLR" op d'Tribühn? |
Gut Fro, ech wees mol das ech firun Joeren eng keier deck Bullen gemach krutt wei ech probeiert hun en NHL spill ze fotografeiren, hun Kamera missen oofgin.
Zitat: |
Original von deendo
Moien,
d'Management vun den Kënschtler wëll hieren Produit esou gudd et geet op den Concerten verkaafen. Dofir ass et eben néideg dass just gudd Fotoen veröffentlecht gin. Aus deem einfachen Grond sin eben just "Profien" mat dem néidegen Equipement an Fachwëssen erwënscht déi daat bescht aus hieren Biller eraushuelen (kënnen). Dobai kënnt nach den kommerziellen Deel. Esou gëtt verhënnert dass den Pitti an den Jhempi den Bon Jovi knipsen an dann Posteren, Taasen, Mousepad'en etc mam Muséker drop verkaafen (-> Merchandising). Mat klengen Kompaktknipsen ass et bis elo nach net méiglech eng uerdentlech Qualitéit fir déi Zwecker ze kréien. |
Also daat stemmt sou schon mol net. Dem Management vum Künstler ass et nämlech relatif egal ops de kanns fotoen machen oder net, dei interesseiert sust wei grouss den medium ass fir daats de schaffs. Waat mei grouss waat mei chancen.
Dofir geseit een jo NACH emmer sou idioten am gruef dei mat Kompaktkameras rondrem laaffen.
Ahjo, contacter sin och GAAANZ wichteg
ech wees do vun waat ech schwätzen hrhr
Iwregens, wann et dech interesseiert, den contract fir fotoen vun Bon Jovi huet 37 seiten
))
Zitat: |
Dobai kënnt dass den Trend dohinner geet fir net méi wéi néideg Fotografen op den Site ze loossen. An der Regel huet nämlech den Organisator ant Management keen reelt Interessi drun fir nach Berichterstattung nom Concert ze hun. Esoubaal d'Ticketen all Verkaaft sin ass d'Geschäft nämlech gelaaf. |
Stemmt sou direct och net. Management vum Künstler well emmer reklamm, firun allem wellen sie no engem Concert heiren wei gut hieren Künstler war.
Aus der siicht vum Organisator hues de recht, deen interesseiert daat duerno an sech recht weineg.
Desweideren get emmer ungehol dass den Organisator Fotopäss accordeiert, daat stemmt net, et ass Management vum Künstler. Wann dei nee soen ass et nee, och wanns de den Grand Duc bass.
Exceptioun sin Festivals, do geet an der regel alles iwert den Organisator (zumindest krutt ech nach bei kengem Festival iergend een contract ennert nues gehal vun iergend engem fir eng spezifesch Band vum Festival dierfen ze knipsen)
Dan : Du muss awer och emmer Reklamm machen
))
Tomz : Loss deng DSLR doheem, egal wous de se verstopps, sie fannen se. ass jo och net schwiereg, bei där greisst. Sie wessen souwiesou wou se sollen sichen, weivill Leit mengst de dass do probeiren saachen ranzeschmuggelen?
Obwuel, ech keint der se mat ranhuelen, daat gin dann awer puer pätt
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schlimpitz am 27.06.2009 00:55.
|
|
27.06.2009 00:53 |
|
|
Tomz
Mitglied
Dabei seit: 12.04.2009
Beiträge: 40
Herkunft: Bettembourg
Themenstarter
|
|
Ok merci fir är äntwerten^^
@ Schlimpitz ech hun mech lo awa fir dei metod decideiert meng Compakt matzehuelen
__________________ http://faberphotography.net/
|
|
27.06.2009 18:07 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Ohhh schued, an ech hätt lo gehofft en Beierchen spendeiert ze kreien
|
|
27.06.2009 19:33 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Lo nom Rock-a-Field kann ech soen das ech just eng eenzeg DSLR ouni Bändchen gesinn hun - wéi deen se eran kritt huet wees ech beim bäschten Wëllen nët.
Jojo, dee Béierchen... wier den TO awer mat 3,5€ eng Deier gin ;-)
|
|
29.06.2009 16:31 |
|
|
Tomz
Mitglied
Dabei seit: 12.04.2009
Beiträge: 40
Herkunft: Bettembourg
Themenstarter
|
|
Jo stemmt war net alt ze belleg
mee war trotzdem cool
mee wi mir rangange sin (haate zuar keen rucksack) sin mer mol net ofgetascht gin
MFG
__________________ http://faberphotography.net/
|
|
30.06.2009 11:57 |
|
|
|