Gaga unregistriert
|
|
ech ka jo lo schon soen dat ech den heli mat der Meif gewiellt hun !
fier mech ganz kloer dei eenzeg foto wou een och ganz gut ouni kommentar fum auteur interpreteieren kann, souguer en klengt kannd geng soen :
"Hei kuck den Villchen geht un den Helikopter ! "
Dei aaner sin effektiv nemmen ze verstoen wann den auteur e wuert derbai schreift, well ech gesin net vill onmeigleches, an waat ze reechen wier !?!
ausser beim Bouf op der Leeder, mais do as daat "onmeiglecht" net onbedingt erausgeschaft (wei heich as en geklomm?)
Et as ganz kloer immens schweier esou epes emzesetzen, masi graat daat mecht e gudden fotograph aus,
mat engem 3000€ budget, enger 6000€ vakanz, as et fier jiddereen einfach een "MEGA-GEWALTEGEN-GEILEN-Sonnenenenrgang mat senger D3 ze knippsen !
sou Leit kann ech net beneiden !
Sou, mein Pefferkà r zum Concours !
Gleckwensch un den ..... !
|
|
10.05.2010 14:20 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@Gaga Denk drun dass et zwou Säite gin. Wann s du eng Foto net am Zesummenhang mam Concours verstees kann et un der Foto oder un dir leien.
Dann nach dat wat ech scho beim leschten Concours sot, ech fannen et net ubruecht individuell Fotoen schon ze diskutéieren während den Voting nach leeft.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.05.2010 14:56 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.
An de gloda huet Recht, keng Diskussiounen iwwer Fotoen vum Konkuer wann d Ofstëmmung nach leeft - wa mer dat gewollt hätten dann kéint ee Kommentarer um Site derzou schreiwen
__________________ 404 - Not found
|
|
10.05.2010 16:48 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.
Och wa kee Mënsch sich doduerch identifizéiere géif loossen, huet an angem Fotoskonkuer ën Text guer näischt verluer. Dat ass wéi wann an engem Literatur-Konkuer Musik mat agëschéckt géif gin. Och wann dë Sujet schwierig ass, an nët all Foto direkt "verstaan" gët, bläiwen di ausgëwielte Fotoën Kandidaten. Doriwer gët oofgëstëmmt. An duerno könne mir diskutéiëren, nët virdrun. Déi Memberen déi hir Foto proposéiert hun, an acceptéiert krit hun, hun ë Recht dodrop.
|
|
10.05.2010 21:13 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von MaimonidesOch wa kee Mënsch sich doduerch identifizéiere géif loossen |
Ahja ... a wat ass wann e Franséischt Gedicht derbäi steet? Da wësse mer z.B. all dass se vun dir ass.
Respektiv alleng duerch déi typesch tonnen Feeler déi am Lëtzebuergeschen getippt ginn, déi jiddereen liicht anescht mécht, fënnt een do ganz sécher den een oder aneren eraus.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.05.2010 21:18 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.
An de gloda huet Recht, keng Diskussiounen iwwer Fotoen vum Konkuer wann d Ofstëmmung nach leeft - wa mer dat gewollt hätten dann kéint ee Kommentarer um Site derzou schreiwen
|
ahhh, ech villen mech elo un aaner zeiten erennert !
maulkorbgesetz an esou .... tssss *kappresel*
dei leit dei sech privat kennen, an all daag begeinnen haalen dei sech dann och dorunner ?
oder mussen mer elo en "unofficial" chatroom machen wou een därf soen waat een well ?
een deen net zensureiert get !
PS :
Zitat: |
ech sin, wéi ech och schon mam gloda driwwer geschwaat haat, an mir eis op deem punkt volkomme verstaanen hun, der meenungn dass daat alles interpretatiounssaach vum auteur ass, an dass een unsech ganz seelen ka soen dass d'Thema verfehlt gouf, dofiir unsech schued dass ee kee comment kann der bei oofgin, oder ennertitel, zumols bei sou engem concours, well et eben net evident ass!
|
|
|
10.05.2010 21:21 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Manno.
Et geet hei ëm d' Fotografie als Hobby, fir déi Leit déi et aus Spaß maachen. Mir bidden de Leit eng Platform fir deen Hobby mat aneren ze deelen. Wann e Konkuer do ass, dann wëlle mer eng glaichberechtegt Bewäertung fir jiddereen - dat geet a sou klengem Kreess wéi mer hei op PG sinn just ouni online Diskussioun iwwert eenzel Fotoen éiert d' Ofstëmmung fäerdeg ass. Wa mer e Jury hätten den do géif décidéieren wier et eng ganz aner Saach - ass awer net de Fall.
E puer Grondregelen sinn hei opgestalt, net wierklech immens vill oder komplizéierter, an se sinn dofir do dass d' Fotografie als Hobby hei anstänneg kann agesat ginn. Do geet et guer net ëm zenséieren oder ähnleches.
Ech ginn der e Bsp: Eng Foto gëtt falsch interpetéiert vun engem oder zwee Leit, puer User (oder 1 geet amfong duer) liesen dat an denken doduerch och esou - bewäerten dofir anescht. Herno stellt sech d' Falschinterpretéirung eraus - Verfälschung done. An dat huet emol näischt ze dinn mat Beaflossung vun Leit denen hier Meenung net eecht ze huelen ass well se liicht ze änneren ass oder sou, mee einfach just geet et duer dass een op e falschen Gedankenzoch bruecht gëtt während deem s een nach amgaang ass seng eege Meenung iwwerhaapt ze maachen.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.05.2010 21:38 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Gaga, ech wollt dech net dovun ofhalen d'Thema ze diskutéieren, just individuell Fotoen
Den Johny huet amfong den Grond gudd erklärt. Pardon dass ech dat net kloer gemach hat. An jo, mam deBaemm hun ech eben just allgemeng geschwat.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.05.2010 22:13 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Ech geif awer an engem Foto-Konkuer naischt derbai schraiwen. Well, wei gesoot: an engem Foto-Konkuer huet en Text naischt verluer, a moins dass deen, expressis verbis, gefroot gi wier, also zum Konkuer geheiere misst.
|
|
10.05.2010 22:26 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
|
10.05.2010 23:45 |
|
|
Jeje
Mitglied
Dabei seit: 24.03.2009
Beiträge: 27
|
|
hmmmmm dest Kéier dauert et awer lang bis d´Resulat online ass
(ech hoffen et gin keng Problemer
)
ech sinn sou gespannt weivil Punkten ech dann elo hunn an dei anner dei matgemat hunn bestemmt och
|
|
14.05.2010 10:51 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Den Johny as an der Vakanz, ech wees net ween an ob een aaneren sech drem bekemmert (oder geet daat vum selwen?), mee et keint fleit nach bessen daueren
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
14.05.2010 10:59 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Mengen den BlackPanther post d'Resultater. Gesäit as wéi wann en entweder am Bett oder op der Uni as
__________________ www.gloda.net
|
|
14.05.2010 11:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
alles muss ee selwer maachen ..
__________________ 404 - Not found
|
|
14.05.2010 11:52 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
LOL.
Eh jo ech hun alt erëm Tomaten op den Aan, mee war dat hei een vun den Concoursen wou et en Print get? Wéi geet dat elo?
__________________ www.gloda.net
|
|
14.05.2010 12:02 |
|
|
Jeje
Mitglied
Dabei seit: 24.03.2009
Beiträge: 27
|
|
hun mech genau dat selvescht elo gefrot
|
|
14.05.2010 16:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo, an do mellt de blackpanther sech normalerweis bei den 3 éischten
__________________ 404 - Not found
|
|
14.05.2010 16:17 |
|
|
|