spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Also ech maachen am Moment all meng Fotoen emmer am Raw an sin och eigentlech zefridde sou... lo ass et aawer sou dat ech am Summer 1 Mount an d'Vakanz gin a faerten net genuch Spaicher ze hun fier all dei Vill Fotoen dei ech welles hun ze maachen...
am Moment hun ech 4 GB als Kaarten an nach een storage device vun 40GB.
Wann ech am RAW fotografeieren da verbrauchen ech sou am Schnett an engem Daag op mannst 3 GB (wann ech an der Vakanz sin ;-) ) ech läschen natierlech emmer direkt dei verschassen Fotoen (aawer ech haalen der och emmer vill dei sou limit sin well ech dem Display vum Fotoapparat net sou trauen)...
Wei geif dir et maachen, einfach alles mat der hechster Jpeg opleisung fotografeieren oder aawer bei RAW bleiwen an vlait nach een 2ten storage device kaafen ? verleieren ech vill Qualiteit wann ech Jpeg fotografeieren? Hellef! :-)
|
|
21.04.2007 19:12 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
ganz einfach
ech gief alles am raw machen...an einfach puer fotoen manner den daag machen
300 fotoen / daag ass vuerchtbar vill 100 geht dach saat duer
üb dech einfach doranner net all firlefanz ze knipsen dan ghet t mat dene 40gb mei wei locker duer
|
|
21.04.2007 19:15 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Jooo.. ech wees jo dat ech der vill maachen... aawer ech sin immens schlecht am "weggeheien" ;-) ech faerten emmer ech geif daat falscht läschen!.. ech sin eben e bessi e Messy! ;-) vlait muss ech mech mei disziplineieren...
|
|
21.04.2007 19:21 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech géif och mengen dass 300 Fotoen den Dag einfach zevill as. Do mechs de dech jo nemme geckeg an erhuels dech jo praktesch guer nët. Manner Fotoen, dann as de Späicherproblem geléist. Oder zousätzlech alles wierklech iwwerflessegt op der Platz löschen (falsch beliicht, onscharf, verwackelt asw.)
Wann s du eng Foto wells huelen, da probéier am Viraus ze iwwerleen op se et Wärt as. Dacks as d'Luucht schlecht, e gudde Cadrage nët méiglech oder iergend eppes Anescht "versaut" der d'Office däi Bild, dann huet et och kee Wärt do Späicherplaatz ze verhonzen.
Hautesdags mengt een et misst een vun Allem aus alle méigleche Bléckwenkelen eng Foto huelen, einfach ebe well et méiglech as a praktesch näischt kascht. Ech ertappe mech och dacks doderbäi. Wann ee mat Film schafft, dann as dat ganz anescht, do kann ee sech et nët erlaben drop lass ze schéissen, well soss as ee spéider arm drun. Doduerch as ee forcéiert "méi" ze iwwerleeen. Ee "Claaackkkkkk" op ménger Pentax 67 mat Diafilm kascht méi wi en Euro fier der e Beispill ze gin. En anert Beispill: A ménge "Film-Vakanzen" (em di 2 Wochen) sin ech emmer mat manner wi 10 36er Filmer zuwee komm a sin bis haut mat menge Biller ganz zefridden. Souwisou, weem wells du hanno déng 10 000 Biller weisen?
Maach deng Fotoen am RAW a probéier däin Ausléiser duech iwwerleen enner Kontroll ze hun, da sin 40 Gb nach emmer méi wi genuch.
|
|
21.04.2007 19:29 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Merci ;-)
Majo da waert ech mech drugin daat ze maachen... meeschtens sin souwisou nemmen ee ganz klenge Brochdeel vun all menge Fotoen derwaert ze kucken, an ech wees daat och... Recht hudd der also.... ech üben da lo scho mol mech e bessi anzegrenzen (och wann et mer schweier fällt)
|
|
21.04.2007 19:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wou ech zu Teneriffa war, stung ech di eischte Keier och firun dem Problem. Hun awer alles am RAW gemaach, an nom äussortéiren 8läschen) owes, haat ech emmer nemmen nach 100 Fotoen iwwreg ongeféier. Sou sinn ech matt 6GB sujust äuskomm.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.04.2007 00:21 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
man dat och alt! mache meeschtens ee motiv wéi wéi eng eenzeg kéier, d.h. meeschtens 2-3- mol mat verschiddenen astellungen, perspektiven oder brenwäiten (oder alles eben) dono entscheedene ch dann wéieng als eenzecht däerf iwwerliewen. et as puermol haart eng foto déi "nemmen" mëttel gudd as ze läschen, mee mat der zäit as dat richteg flott, well -och wann ee genuch kaarten huet- vill biller um computer trëllen ze hun nervt einfach. ech hun eng zäitche probéiert net méi wéi 36 biller ze man. einfach fir ze spiere wéi et mam film gewecht wier
dat hun ech awer séier opgehalen
mee déi diskussioun mat net-genuch-platz-op-der-kaart as genee de grond firwat ech zécke mer eng kamera mat vill megapixel zouzeleen! dat vill gemegabytes nervt einfach an et braucht een et seelen....
__________________
|
|
22.04.2007 00:31 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Wann dein storage device en Standard-Harddisk huet (oft 2.5") dann kanns de deen och relativ preiswert an onproblematesch géint ee méi groussen austauschen.
"Storage is cheap", duerwéinst léiwer eng Foto zevill machen wéi eng ze mann... ech machen Vakanzenfotoën net just fir een Portfolio ze kréien oder aneren Leit ze weisen, mee schon nemmen einfach duerwéinst dass ech mech spéiderhin nach selwer kann un Plaatzen erënneren déi ech "geknipts" hun...
Ausserdem, wanns de an der Vakanz vill ennerwee bass, dann wells de owes vlaicht aner Saachen machen wéi op en klengen Écran kucken an honnerten vun Décisiounen huelen "Delete oder net Delete". Daat kanns de och réicht doheem machen, mir hun jo genuch Deeg wou d'Wieder schlecht ass fir sou Saachen ze machen (an währenddem rem Loscht kréien déi nächst Vakanz ze plangen
|
|
22.04.2007 00:41 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Hm also ech fannen et awer flott owes d'Fotoen durchzekucken vum Dag esou
An dann dei ze läschen dei sws net gutt gi sinn ass net vill Arbecht eigentlech. Fannen ech emol.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.04.2007 14:07 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
stell der einfach fier du haes eng analog camera an allkeirs wanns de klicks wieren puer cent fort, dann hues de vill mei lang platz, an deng fotoen gin besser wells de dech mei drun gess an keen feuerdauer miss
|
|
22.04.2007 17:58 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von -Laurent-
stell der einfach fier du haes eng analog camera an allkeirs wanns de klicks wieren puer cent fort, dann hues de vill mei lang platz, an deng fotoen gin besser wells de dech mei drun gess an keen feuerdauer miss
|
- genée daat wollt ëch och soën.
Vakanz as jo eigentlëch do, fir sëch ze erhuelen !!
300 den Daag ? Nö, daat maachen ëch, wann ëch zB. wei Geschter, op Köln an den Zoo oder sou........ awer nët an der Vakanz !!!
soll jo nët zu Stress ausarten .
Reportage 300 = ok !
Vakanz, nö.
ët gët nämlech och en Liewen niewend der Fotografie !
(mang Méenong !! )
|
|
23.04.2007 09:40 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
bah knolles fier mech ass fotoen machen erhuelung ass mein hobby dofier grad an enger vakanz hun ech zeit dofier
|
|
23.04.2007 14:03 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
D'Fro ass waat den Zweck vun der Vakanz ass. Wann d'Photographie nierwebäi gemaach gët, dann ass 300/Daag vill. Me wéi ech d'lescht Joer 3 Wochen US-Westen gemaach hun, do wor d'Photographie den Haaptzweck vun der Rees an 3-5 GB pro Daag (am RAW) woren normal. Ech sutz dann all Owend iwert dem Laptop fir ze sortéieren an gespäichert hun ech um Disk vum Laptop plus Kopi op extern USB-Disk (ech sin Informatiker an ennert aanerem Zoustänneg fir d'Backupen, dohir eng gewesse Paranoia a bezoch op Datenverloscht - ech haat esouguer en zweeten Laptop mat ...).
|
|
23.04.2007 15:03 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Majo ech hun eigentlech och eischter sou d'Astellung wei de Charly.. ech gin 4 Wochen an Neuseeland, eng Plaaz wou ech wuel nemmen eemol a mengem Liewe waert kennen hikommen, an do sin natiirklech sou vill verschidden Landschaften dat ech mer lo schon zimlech secher sin dat ech wiirklech vill Fotoe waert maachen... dat een an enger Vakanz zu LaPanne keng 300 Fotoen den Daag mecht liischt mer schon an... wann een awer an engem Daag am Schnett 200-300km mecht an do eng ganz vielfaelteg Landschaft passeiert da kann ech mer fir mech aawer vierstellen dat ech den Drang waert verspieren daat och am Bild festzehaalen ;-)
Ech well eigentlech weder u Qualiteit spueren nach mech an der Quantiteit zevill aschrenken... vlait geet main 40GB jo duer, ech wees et net, mol kucken... ech denken ech gi mol einfach mat deem waat ech hun, passen ob net grad all SChissi ze "knipsen" a wann et dann net soll duer goen da waert ee su Saachen jo vlait och dohannen ze kaafe kreien....
Ob alle Fall Merci fier dei vil Aentwerten! :-)
|
|
23.04.2007 17:22 |
|
|
|